From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mëtteleuropäesch Zäit (MEZ, engl. Central European Time, CET) ass eng fir Mëttel-Europa – – a fir Deeler vun Afrika gesetzlech gëlteg Auerzäit. Si kënnt der mëttlerer Sonnenzäit um Längegrad 15° Ost gläich. Hir Differenz zu der Weltzäit UTC ass +1 Stonn. D'Differenz vun der mëtteleuropäescher Summerzäit (MESZ, engl. CEST) zu der Weltzäit ass +2 Stonnen; si kënnt also der mëttlerer Sonnenzäit um Längegrad 30° Ost gläich.
Blo | WET | UTC+0 | WEST | UTC+1 | |
Hellblo | WET | UTC+0 | |||
Rout | MEZ/CET | UTC+1 | CEST | UTC+2 | |
Beige | EET | UTC+2 | EEST | UTC+3 | |
Giel | KSK | UTC+3 | |||
Gréng | FET | UTC+3 |
Zu Lëtzebuerg gouf d'mëtteleuropäesch Zäit duerch Gesetz vum 17. Mäerz 1977 als legal Zäit confirméiert.
An Europa leien déi follgend Stied um 15. Meridian – dat heescht do sinn d'MEZ an déi mëttel Sonnenzäit déi selwecht:
Déi ideal Westgrenz vun der MEZ-Zäitzon verleeft um Längegrad 7,5°Ost, also duerch Dortmund an eppes méi westlech vu Stroossbuerg. An de Beneluxlänner, a Frankräich an a Spuenien misst eigentlech d'Greenwich-Zäit (UTC) an a Galicien d'Azoren-Zäit (UTC-1) gebraucht ginn. Déi ideal Ostgrenz (22,5°Ost) vun der Zäitzon verleeft no bei der Stad Lublin am Oste vu Polen. Si gëtt nëmmen am Norde vun Norwegen staark iwwerschratt (déi ëstlechst Plaz Vardø läit mat 31° 6′ souguer 6' ëstlech vum Meridian fir déi osteuropäesch Zäit (UTC+2).
D'Zoustännegkeet vun der MEZ reecht a Mëtteleuropa vum Kap Touriñán a Spuenien (9° 17′ West) bis zum Floss Bug bei Hrubieszów a Polen (24° 10' Ost), am Subpolarberäich souguer bis Vardø an Norwegen (31° 6′ Ost). Déi ideal Breetdifferenz vu 15° gëtt mat bal 33,5° resp. bal 39,5° däitlech iwwerschratt. Vergläichbar grouss ass d'Ofwäichung tëscht Zonenzäit a Mëttlerer Sonnenzäit un de Ränner vun der tatsächlecher Zäitzon: méi wéi +1½ Stonn (am Summer +2½ Stonn) um Kap Touriñán, ongeféier -1 Stonn zu Vardø.
An der selwechter Zäitzon leien ettlech afrikanesch Staaten, beispillsweis Angola, Benin, Kamerun, Libyen, Niger, Nigeria, dem Tschad, d'Zentralafrikanesch Republik, d'Republik Kongo an de westlechen Deel vun der Demokratescher Republik Kongo.
Commons: Mëtteleuropäesch Zäit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.