Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg)
Monument fir un d'Affer vun der Shoah zu Lëtzebuerg z'erënneren From Wikipedia, the free encyclopedia
Monument fir un d'Affer vun der Shoah zu Lëtzebuerg z'erënneren From Wikipedia, the free encyclopedia
De Mémorial de la déportation juive oder Monument à la mémoire des victimes de la Shoah[1], dacks just Kaddisch Monument an der Stad ass a Monument dat vum Shelomo Selinger entworf gouf.
De Mémorial de la déportation juive | |
Typ | Commemoratiounsmonument |
---|---|
Land | Däitschland, Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Uewerstad |
Koordinaten | 49°36'32,33"N, 6°7'54,23"O |
Ageweit | 17. Juni 2018 |
Material | Granit |
Kënschtler | Shelomo Selinger |
Bauhär | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung), Lëtzebuerger Staat |
Zu Éiere vun | Holocaust |
Am Mee 2015 krut de Selinger den Optrag vum Lëtzebuerger Staat zesumme mat der Stad Lëtzebuerg fir e Monument ze schafe fir un d'Affer vun der Shoah zu Lëtzebuerg z'erënneren[2]. D'Monument dat aus rosaem Granit aus engem Steebroch bei Louvigné-du-Désert (Bretagne) hiergestallt gouf, huet 325.000 Euro kascht a gouf zu gläichen Deeler vum Staat an der Gemeng Lëtzebuerg finanzéiert[3].
D'Monument ass de 17. Juni 2018 an der Stad, op der Plaz tëscht der Kathedral an der fréierer Sainte-Sophie, nieft dem Boulevard Roosevelt ageweit ginn[4]. D'Plaz wou d'Monument steet ass net wäit vun der Jofferegässel ewech, do wou déi éischt Stater Synagog (1823-1891) stoung.
Um Sockel vum Monument steet: „Kaddisch - Fir d'Judde vu Lëtzebuerg dei vun den Nazien ëmbruecht goufen 1940 - 1945“ (sic) agravéiert an op Franséisch: « Kaddish - Pour les juifs du Luxembourg assassinés par les nazis 1940 - 1945 ». Op der drëtter Säit ass den Text op Hebräesch an déi véiert Säit ass eidel.
D'Plaz wou d'Monument opgeriicht gouf, grad wéi de Kënschtler vum Wierk, goufe vum Israelitesche Consistoire proposéiert[2].
Am Kader vum Nationale Kommemoratiounsdag 2021 gouf a Presenz vum Kënschtler nieft dem Monument en Informatiounspanneau ageweit.
Commons: Mémorial de la déportation juive (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.