From Wikipedia, the free encyclopedia
De Monument de la déportation civile et militaire (och alt Mémorial de la déportation) ass e Monument zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg. Et soll un d'Deportatiounen am Zweete Weltkrich ënner dem Naziregimm erënneren, déi vun der fréierer Hollerecher Gare ausgaange sinn.
Lénks déi fréier Gare, riets de Monument de la déportation civile et militaire. | |
Typ | Monument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gare Hollerech |
Koordinaten | 49°35'43,4422"N, 6°7'16,3196"O |
Ageweit | 5. Oktober 1975 |
Material | Schifer, Sandsteen |
Kënschtler | Lé Tanson |
D'Monument steet nieft dem Gebai vun der Gare. Et gouf no enger Maquette vum Lé Tanson, deen am Krich an der Resistenz zu Lëtzebuerg engagéiert war, ugeluecht. D'CFL huet den Terrain iwwerlooss. Finanzéiert gouf et mat Hëllef vun enger ëffentlecher Souscriptioun. D'Aweiung war de 5. Oktober 1975.
D'Monument besteet aus zwou Placken aus Maarteler Schifer an engem Block Iernzer Sandsteen, déi op engem Sockel stinn. Un der grousser Plack ass eng 85 kg schwéier gosse Plack befestegt, op där erënnert gëtt un:
Um Sandstee gesäit een dräi Kräizer an dräi Davidsstären.
Eng niddreg Mauer, a Form vun engem Hallefkrees, trennt d'Monument vum Eisebunnsquai. Tëscht dem Monument an der Mauer stinn dräi Fändelsmaste mat zweemol dem Lëtzebuerger Fändel an an der Mëtt dem Europafändel. De Wee bei d'Monument ass aus Pawee.
Nom Norbert Etringer, deen als President vum Hollerecher Interesseveräi bei der Realisatioun vum Monument matgeschafft huet, ass follgend Symbolik um Monument z'erkennen.
D'Decisioun fir de Bau vum Monument geet op eng Resolutioun zeréck, déi den 11. Abrëll 1975 an der Generalversammlung vun der Stater Sektioun vun den Enrôlés de force geholl gouf. An der Resolutioun steet: … pour commémorer le calvaire de la jeunesse luxembourgeoise sous l'occupation nazie.
Et war virgesinn, d'Monument bei der Hollerecher Gare opzeriichten, well vun do aus d'Lëtzebuerger deportéiert oder ëmgesidelt goufen, an d'Wehrmacht oder an den Arbeitsdienst gezwonge goufen.
Zesumme mat der Entente vun de Veräiner vun Hollerech gouf e Comité d'organisation gegrënnt. President war de René Frascht, d'Sekretariat huet den André Frisch iwwerholl. Membere waren ë. a. de Lé Tanson, Resistenzler an artistesche Beroder, an den Norbert Etringer, President vum Hollerecher Interesseveräin.
De Lé Tanson huet d'Maquette entworf, no där d'Monument gebaut gouf. D'CFL huet den Terrain iwwerlooss. D'Firma Gelhausen vun Zéisseng huet d'Monument opgeriicht. Kascht huet dat Ganzt 200.000 Lëtzebuerger Frang (ronn 5000 Euro).
D'Aweiung vum Monument war de 5. Oktober 1975, en Datum tëscht der éischter Ëmsiidlung, am September 1942, an dem Depart vun den éischten Zwangsrekrutéierten, den 18. Oktober 1942.
Vun der rue d'Alsace aus ass e Cortège, mat un der Spëtzt dem Comité d'organisation, bis bei d'Monument gezunn.
Bei der Aweiung waren ë. a. present: den Haffmarschall Guy de Muyser, Vertrieder vum Staatsrot, d'Ministeren Émile Krieps a Jean Hamilius, de Staatssekretär Albert Berchem, den Éierestaatsminister Pierre Werner, d'Stater Buergermeeschtesch Colette Flesch an d'Schäffe René Konen a Camille Polfer. D'Festried gouf vum René Frascht, President vum Organisatiounscomité, gehalen.
D'Monument gouf geseent vum Mgr. Jean Bernard, Vertrieder vum Bëschof a fréiere KZler, dem Groussrabbiner Dr. Emmanuel Bulz an dem Gaston Westphal vun der protestantescher Communautéit. D'Feier gouf mam Spille vun der lëtzebuergescher Nationalhymn ofgeschloss.
Um Dag vun der Aweiung gouf d'rue de Sedan (d'Prënzenallee fir déi al Hollerecher), an där d'Monument an d'Gare leien, a rue de la Déportation ëmgenannt.
Bei der Aweiung waren um Monument nëmmen déi dräi Kräizer ze gesinn. Duerno huet déi israelitesch Communautéit zu Lëtzebuerg gefrot, datt och un hir Krichsaffer op dësem Monument sollt erënnert ginn, dat a Form vum Davidsstär, dem Symbol vun Israel an dem Juddentum am Allgemengen.
D'Aweiung vun den Davidsstären, déi wéi d'Monument selwer, vum Lé Tanson sinn, war sonndes den 21. Februar 1976, a Presenz vu Vertrieder vun der Regierung, der Chamber, den Deportéierten a Zwangsrekrutéierten, de Resistenzler an den Hollerecher Veräiner.
Den Edmond Israel, President vum Consistoire israélite, huet d'Stären opgedeckt, d'Gebieder goufe vum Emmanuel Bulz, dem Bëschof Jean Hengen an dem Gaston Westphal virgedroen. Och déi Kéier gouf zum Schluss d'Nationalhymn gespillt.
Commons: Monument de la déportation civile et militaire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.