Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Goss ass dat Produkt, wat beim Schmëlze vum Eisenäerz am Héichuewen entsteet.
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Goss huet een héije Kuelestoffgehalt vu 4 bis 5 %, bis zu 3 % Silizium a bis zu 6 % Mangan mat klenge Quantitéite vu Schwiefel a Phosphor.
Dës Zusummesetzung bréngt et mat sech, datt de Goss, wann e kal ass, och ganz sprock ass an doduerch schwéier weider ze verschaffen ass. E kann dann net méi verformt ginn z. B. duerch Walzen oder Schmiden. Et ass och ganz schwéier fir en ze verschweessen.
Wann de Goss brécht kann een entweeder eng wäiss oder gro Brochfläch gesinn. Eng gro Brochfläch ass en Zeechen, datt vill Silizium dran ass. Wa vill Mangan dran ass, da kritt een eng wäiss Brochfläch. Dëse Goss kann, wann en an engem Konverter weiderbehandelt gëtt, zu Stol weiderverschafft ginn.
Commons: Goss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.