südafrikanesch Sängerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Miriam Makeba, gebuer de 4. Mäerz 1932 zu Johannesburg a gestuerwen den 10. November 2008 zu Castel Volturno, an Italien, war eng südafrikanesch Sängerin a Biergerrechtlerin. Si war och als Mama Afrika bekannt a war eng vun den éischte Persounen, déi an den 1960er Joren d'afrikanesch Musek weltwäit populär gemaach huet.
Miriam Makeba | |
---|---|
Gebuertsnumm | Zenzi Miriam Makeba |
Pseudonym | Mama Africa |
Gebuer |
4. Mäerz 1932 Johannesbuerg |
Gestuerwen |
9. November 2008 Castel Volturno |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Algerien, Südafrika |
Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Discographesche Kënschtler, Komponist |
Famill | |
Bestuet mat | Hugh Masekela |
Kanner | Bongi Makeba |
Hir Mamm war eng Swazi an hire Papp, dee gestuerwe war, wéi si 6 Joer hat, e Xhosa. Hire ganzen Numm besteet der Traditioun no aus de Virnimm vun hire männleche Virfahren an enger Beschreiwung vun een, zwee Wierder, vun deenen hirem Charakter: Zensile Makeba Qgwashu Nguvama Yiketheli Nxgowa Bantana Balomzi Xa Ufnu Ubajabulisa Ubaphekeli Mbiza Yotshwala Sithi Xa Saku Qgiba Ukutja Sithathe Izitsha Sizi Khabe Singama Lawu Singama Qgwashu Singama Nqamla Nqgithi.
Si huet schonn als Kand gesongen, an huet hir professionell Karriär an den 1950er Joren an der Band Manhattan Brothers ugefaangen, ier se dann hir eege Grupp, The Skylarks, forméiert huet.
Hir Lidder waren dacks eng Mëschung aus Jazz an traditionelle südafrikanesche Melodien. Zu hire bekanntste Stécker ziele Pata Pata, The Click Song (Qongqothwane op Xhosa) an Malaika. Si huet zesumme mam Harry Belafonte 1966 e Grammy Award fir hir Plack An Evening With Belafonte/Makeba kritt.
D'Miriam Makeba huet sech géint d'Apartheid a Südafrika engagéiert. Dowéinst krut si 1960 hire Pass annuléiert a krut verbueden, an hiert Land hannescht ze reesen. 9 Länner hunn hir dofir e Pass vu sech ausgestallt a si zur Éierebiergerin gemaach.
1968 huet si sech mam Chef vun de Black Panthers, dem Stokely Carmichael bestuet, wat zu Kontroversen an den USA an der Annulatioun vu Plackekontrakter an Tournéeë gefouert huet. D'Koppel ass a Guinea geplënnert, gouf awer 1973 gescheet.
Nom Doud vun hirer eenzeger Duechter, 1985, ass si op Bréissel wunne gaangen. Den Nelson Mandela huet se 1990 iwwerzeegt, nees a Südafrika wunnen ze goen.
2005 huet si eng Tournée d'adieu an all Länner gemaach, wou se virdrun opgetruede war.
Si ass am November 2008 un engem Häerzschlag gestuerwen, nodeem s'an Italie bei engem Concert opgetrueden ass, fir den Auteur Roberto Saviano z'ënnerstëtzen, dee vun der Camorra mam Doud bedreet gëtt.
Commons: Miriam Makeba – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Miriam Makeba – Zitater |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.