Meurthe (Floss)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Meurthe ass e Floss an der Regioun Grand Est, deen am Bois de Lesseux net wäit vum Hohneck an dem Col de la Schlucht am Departement Vosges entspréngt.
Séier Fakten Längt, Debit ...
Längt | 160,6 km |
---|---|
Debit | 41 m³/s |
Fläch vum Baseng | 3.085 km² |
Originn | |
Héicht | 900 m |
Leeft an | Musel |
Geographie | |
Land | Frankräich |
Regioun | Grand Est |
Zoumaachen
En ass 159 km laang a leeft duerch Fraize, Saint-Dié-des-Vosges, Raon-l'Étape, Baccarat, Lunéville, an Nanzeg, fir dann zu Custines an d'Musel ze lafen.
Haapt-Nieweflëss sinn d'Fave, de Rabodeau, d'Plaine, d'Vezouze, d'Mortagne an de Sânon. Hire Baseng huet en Ausmooss vun 3085 km² an den Duerchschnëttsdebit beleeft sech op 20m3/s.
Tëscht Frouard an Dombasle leeft de Marne-Rhäin Kanal parallel zum Floss.
De Floss huet och dem Departement Meurthe, vu 1790 bis 1871, an dann dem 1919 nei geschaaften Departement Meurthe-et-Moselle säin Numm ginn.