![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f9/Chelyabinsk_meteor_trace_15-02-2013.jpg/640px-Chelyabinsk_meteor_trace_15-02-2013.jpg&w=640&q=50)
Meteor vun Tscheljabinsk
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Meteor vum 15. Februar 2013 war e Meteor, dee géint 9:15 Auer Lokalzäit (4:15 h MEZ) deen Dag am Tscheljabinsker Oblast ronderëm d'Stad Tscheljabinsk am russeschen Ural observéiert gouf. De Meteoroid soll an enger Héicht vu ronn zéng Kilometer iwwer der Äerduewerfläch zerbrach sinn an hat no der russescher Wëssenschaftakademie eng Mass vun zéng Tonnen.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f9/Chelyabinsk_meteor_trace_15-02-2013.jpg/640px-Chelyabinsk_meteor_trace_15-02-2013.jpg)
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/59/Chelyabinsk_meteor_event_consequences_in_Drama_Theatre.jpg/640px-Chelyabinsk_meteor_event_consequences_in_Drama_Theatre.jpg)
De Meteor gouf vu ville Leit observéiert a gefilmt. Et gouf vun engem kräftege Knuppert, enger Drockwell a ville futtisse Fënsteren erzielt. Den Daach vun enger Zénkfabrik ass zesummegefall. Iwwer 1000 Leit goufe blesséiert, virun allem duerch Schnëttwonnen a Prellungen. An d'Äiscouche um Tschebarkul-Séi no bei der Stad mam selwechten Numm, ongeféier 80 Kilometer südwestlech vun Tscheljabinsk, gouf e Lach vu sechs Meter Duerchmiesser geschloen.
D'Evenement ass nëmme wéineg Stonne virum Rendez-vous vum 2012 DA14 – dee mat enger geschatener Mass vu ronn 130.000 Tonne[1] méi grouss a méi schwéier ass – geschitt. No enger éischter Aschätzung vun der Europäescher Weltraumorganisatioun hu béid Evenementer wéinst der Fluchbunn an der Plaz vum Antrieden an d'Atmosphär näischt mateneen ze dinn.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/f0/Chebarkul_meteorite_sample_on_lake_ice.jpg/640px-Chebarkul_meteorite_sample_on_lake_ice.jpg)