Mercury-Atlas 1
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Mercury-Atlas 1 (MA-1) war en suborbitalen Testfluch fir d'Mercury-Kapsel. Op d'Rettungsrakéit gouf bei dëser onbemannter Missioun verzicht. D'Kapsel hat gutt funktiounsfäeg Dreifwierker fir Trennung vun der Atlas-Rakéit, d'Neesantrëttsrakéite waren nëmmen Attrappen. 58 Sekonne nom Start ass d'Drorakéit an zirka 9 km Hlicht zerbrach. D'Rakéit an d'Kapsel hunn dorop haart um Atlantik opgeschloen, wouropshin d'Kapsel zerbrach ass an ënnergaangen ass. Si gouf mat Deeler vun der Rakéit nees aus dem Mier geholl a fir Studienzwecker rekonstruéiert.
Mercury-Atlas 1 (MA-1) | |
---|---|
Typ | Raumfaartmissioun |
Land | USA |
Agentur | NASA |
nssdc_id | MERCA1 |
Apogeum | 13 km |
Streck | 9,6 km |
maximal Vitess | 2.737 km/h |
Start | 29. Juli 1960, 13:13 UTC |
Landung | 29. Juli 1960, 13:16 UTC |
Dauer | 3min 18s |
Orbit | atmosphäresche Fluch |
Startplaz | LC-14, Cape Canaveral, Florida |
Landeplaz | Atlantik |
Drorakéit | Atlas D |
virdrun | Mercury-Little-Joe 1B |
dono | Mercury-Little-Joe 5 |
D'Kapsel hat eng maximal Héicht vun zirka 13 km erreecht, hiert Gewiicht war 1.154 kg. D'Seriennummer vun der Rakéit war Atlas 50-D. D'Bezeechnung vun der benotzter Kapsel war Mercury spacecraft #4.
Deeler vun der Kapsel sinn haut am Kansas Cosmosphere and Space Center zu Hutchinson am Kansas ze gesinn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.