From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Little Joe 5 (LJ-5) war en onbemannten Test am Kader vum US-amerikanesche Raumfaartprogramm Mercury. De Start war den 8. November 1960 op Wallops Island am Virginia.
Little Joe 5 (LJ-5) | |
---|---|
Typ | Mercury-Programm |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Orbit | suborbitale Fluch |
Apogeum | 16,2 km |
Streck | 22,5 km |
Start | 8. November 1960 |
Startplaz | Wallops Flight Facility, Virginia |
Landung | 8. November 1960 |
Landeplaz | Atlantik |
Dauer | 2min 22s |
Drorakéit | Little Joe |
Missioun virdrun | Mercury-Atlas 1 |
Missioun dono | Mercury-Redstone 1 |
D'Missioun hat virgesinn, datt d'Mercury-Kapsel 3 vun der Little-Joe-Rakéit op eng gewëssen Héicht bruecht sollt ginn. Uschléissend hätt d'Rettungsrakéit d'Kapsel vun der Rakéit ewech schéisse sollen, wourophin d'Kapsel mat Fallschiermer am Atlantik hätt solle landen.
Leider hat d'Rettungsrakéit an d'Dreifwierker, déi d'Kapsel vun der Rakéit trenne sollten, schonn no 16 Sekonne gezünnt, wärend d'Little-Joe-Rakéit nach acceleréiert huet, soudatt sech d'Kapsel net vun der Rakéit konnt trennen. D'Rakéit war 16,2 Kilometer héich an 20,9 Kilometer wäit geflunn, ier si mat der Kapsel an den Atlantik gefall war. Et konnten zirka 60 % vun der Rakéit a 40 % vun der Kapsel gebuerge ginn.
Virum Fluch war driwwer geschwat ginn, fir en Af an d'Kapsel ze setzen. Wéinst technesche Schwieregkeete gouf dat awer net gemaach.
Commons: Little Joe 5 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.