Max Menager
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Max Menager, gebuer de 14. November 1874[1] am Pafendall, gestuerwen de 15. Juni 1963 zu Iechternach an do begruewen, war e lëtzebuergesche Museker.
Max Menager | |
---|---|
Gebuer |
14. November 1874 Pafendall |
Gestuerwen |
15. Juni 1963 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Famill | |
Papp | Laurent Menager |
Nom Ofschloss vu sengem Studium op de Conservatoirë vu Köln a Paräis krut hien 1899[2] eng Ustellung als Organist an der Basilika vun Iechternach an huet déi sougenannt "Musikschull" vun der Stadmusek geleet.[3] Vun 1901 un huet hien als "maître de musique" Musek, a vun 1912 un och Gesank, am Iechternacher Kolléisch enseignéiert,[4] wou hien donieft d'Studentemusek dirigéiert huet[3]. Am September 1939 krut hie seng Pensioun als Museksprof, huet awer op ausdréckleche Wonsch vum Direkter vum Kolléisch nach bis de Juli 1940 weidergeschafft.[5]
Vun 1899 bis 1939 war hien den Dirigent vun der Iechternacher Stadmusek,[6] Am Joer 1910 huet hien de "Sängerbond" gegrënnt, e lokale weltleche Chouer, dee vun der Gemeng ënnerstëtzt gouf.[7] Hie war och Verbandsdirekter vum Lëtzebuerger Adolph-Verband.[8]
Hien huet Kaméidisstécker geschriwwen a Lidder a Melodië komponéiert, dorënner musikalesch Intermezzi a Lidder fir d'Theaterstécker vum Isi Comes. Hien huet och Liddertexter vum André Duchscher a vum Batty Weber (z. B. D'Lidd vum Muselgréchen) vertount; hien huet och d'Melodie vun der Sprangpressioun nei arrangéiert.[9] Ganz besonnesch beléift zu Iechternach ass säi Lidd Kän schinner Stad (Weis: Max Menager, Text: Isi Comes).[10]
Hie war de Jong vum Laurent Menager.
Den 22. Juni 1997 ass am Iechternacher Stadpark eng Büst vum Max Menager, déi de Georges Calteux entworf huet, ageweit ginn.[11]