From Wikipedia, the free encyclopedia
E Marsmeteorit ass Gestengs dat sech um Mars gebilt huet an duerno bei engem Impakt vun engem Asteroid oder Koméit vum Mars fortgeschleidert gouf an op der Äerd gelant ass. Vun den iwwer 61.000 Meteoritten, déi bis elo op der Äerd fonnt goufen, goufen der bis 2014, 132 als Marsgestengs identifizéiert.[1] De 17. Oktober 2013 huet d'Nasa bekannt ginn, datt op Basis vun Analysen déi de Marsrover Curiosity gemaach huet, verschidde Meteoritten déi op der Äerd fonnt goufen, a vun deene wéinst hirer elementarer an isotopescher Zusummesetzung ugeholl gouf datt se vum Mars kéimen, tatsächlech vun do sinn.[2]
Marsmeteoritte sinn Achondritten, déi no den dräi Ënnergruppen (Shergottitten, Nakhlitten an Chassignitten) SNC-Meteoritte genannt ginn. Obschonn den éischten SNC-Meteorit am Joer 1815 a Frankräich zu Chassigny fonnt gouf, hunn déi meescht Meteorittefuerscher eréischt zanter Ufank vun den 1980er Joren d'Ofstamung vum Mars unerkannt. Allerdéngs ass deen Urspronk net ganz sou eendeiteg geséchert wéi déi vum Moundmeteorit, well nach kee Marsgestengs fir e Verglach virläit.
Marsmeteoritten entstinn duerch grouss Asteroidenaschléi um Mars. Duerch d'Wucht vum Aschlag gëtt Marsgestengs an de Raum geschleidert. Verschidde fräigesat Gestengsstécker erreechen d'Äerd als Meteorit.[3]
Schonn 1979 gouf argumentéiert, datt déi deemools bekannt SNC-Meteoritten, anescht wéi déi meescht aner Meteoritte sinn, an net vun Asteroide stame kënnen. De Kristallisatiounsalter vun dësen SNC-Meteoritte louch bei maximal 1,3 Milliarde Joer an se haten e vulkaneschen Urspronk. Asteroide sinn dogéint scho verhältnisméisseg kuerz nom Entstoe viru 4,5 Milliarde Joer erkaalt a weisen zanterhier kee Vulkanismus méi. Et gouf ugeholl, datt ausser der Äerd nëmmen de Mars an d'Venus a Fro kéimen, well déi virun 1,3 Milliarde Joer nach Vulkanismus gewisen haten; de Vulkanismus um Jupitermound Io war 1979 nach net bekannt.
De Gedanken, datt déi besote Meteoritte vum Mars stame kéinten, hat sech eréischt 1983 duerchgesat. An engem Artikel vum Wëssenschaftsmagazin Science[4] gouf deemools gewisen, datt d'Isotopenheefegkeet vun Argon a schockverglouste Glasaschlëss am Shergottit EETA79001 de Miessungen entspriechen, déi vun der Viking-Sond an der Atmosphär vum Mars gemaach goufen. Spéider gouf och d'Heefegkeet vun den aneren Eedelgase souwéi vu Kuelendioxid a Stéckstoff an dëse Glasaschlëss bestëmmt, déi och mat den Date vum Viking iwwereneegestëmmt hunn.
Bei weideren Ënnersich un SNC-Meteoritte goufen och e puer Widderspréch entdeckt, beispillsweis Xenon-Isotopenheefegkeeten am SNC-Meteorit Chassigny. Dobäi loosse sech déi duerch Bäimësche vun Edelgasen aus anere Quellen, z. B. aus dem Mars-Kär, erklären. Als weidert Indiz fir en Urspronk vum Mars gëtt dacks och déi staark Ausriichtung vun nolfërmege Kristallen a verschiddenen SNC-Meteoritte genannt. D'Ausriichtung kann duerch d'Existenz vun engem staarke Gravitatiounsfeld vun engem Kierper mat enger Gréisst vun op d'mannst dem Äerdmound wärend der Erstarrung vum Meteorittematerial aus dem Urspronksmagma erkläert ginn. Allerdéngs kéinten z. B. och Konvektiounsstréim vum Magma eng Ausriichtung vun de Kristalle bewierken. E weidert staarkt Indiz fir d'Marsoftaamung gouf vun der Opportunity-Missioun geliwwert, wou e Bounce Rock genannte Steen entdeckt an ënnersicht gouf, deem seng cheemesch Zesummesetzung de basaltesche Shergottitten, speziell dem EETA79001, gläicht.
D'Marsmeteoritte gi sou ënnerdeelt:
Am Joer 1996 haten den David S. McKay a seng Mataarbechter Strukturen am Marsmeteorit ALH 84001 fonnt, deen 1984 an der Antarktis fonnt gouf, déi si als Spuere vu fossille Bakteerie gedeit haten.[5] hir Argumenter fir Spuere vu fossillem Liewen an ALH 84001 goufen awer och kritesch kommentéiert:
D'These vum McKay a senge Matauteure gi bis haut kontrovers diskutéiert. Et goufen an der Tëschenzäit och an zwéi anere Marsmeteoritte, Shergotty an Nakhla, méiglech Reschter vu fréierem Liewe fonnt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.