lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marcel Schlechter, gebuer den 9. Juli 1928 an der Stad, a gestuerwen den 10. November 2023 zu Iechternach[1][2], war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (LSAP).
Marcel Schlechter | |
---|---|
Funktioun | |
Partei | LSAP |
Biographie | |
Gebuer |
9. Juli 1928 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
10. November 2023 Iechternach |
De Marcel Schlechter huet als Gäertner, Chauffer a Stolaarbechter geschafft.
Hie war Member vum LAV, duerno vum Landesverband, a war President vun der Gewerkschaft vun de Beruffschaufferen ACAL. Hien ass 1957 Member vun LSAP ginn a gouf op hirer Lëscht 1963 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, wou e bis 1969 Schäffe war.
1967 ass en an d'Chamber nogerëtscht, nodeem de Victor Bodson Member vun der Europäescher Kommissioun gouf. 1968 ass en net erëmgewielt ginn, mä dofir 1974, a vun do un ëmmer nees bis 1989 nach mat.
An der Regierung Santer-Poos I, tëscht 1984 an 1989, war de Marcel Schlechter Minister fir Transport, Ëffentlech Aarbechten an Energie.
1990 huet e säi Chambermandat géint dat vum Europäesche Parlament ëmgetosch, wou en den 9. Oktober 1990 de Sëtz vum Robert Krieps, dee gestuerwe war, iwwerholl huet. 1994 gouf en duer erëmgewielt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.