Remove ads
politesch Partei zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (kuerz: LSAP) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei.
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei | |
---|---|
Ofkierzung | LSAP |
President |
Dan Biancalana Francine Closener |
Vizepresidenten | Tina Koch |
Generalsekretär | Sacha Pulli |
Tresorière | Christine Schweich |
Gegrënnt | Januar 1902 als Sozialdemokratesch Partei |
Parteizentral |
20, rue Louvigny L-1946 Lëtzebuerg |
Jugendorganisatioun | Jonk Sozialiste Lëtzebuerg |
Ideologien |
Sozial Demokratie Proeuropeanismus |
Politesch Positioun | Mëtt-lénks |
Europäesch Affiliatioun | Partei vun den Europäesche Sozialisten |
International Affiliatiounen |
Sozialistesch International Progressive Allianz |
Europäesch Parlamentsgrupp | S&D |
Faarf | Rout |
Slogan | Fir haut a fir muer |
Chamber |
12/60 Sëtz |
Europaparlament |
1/6 Sëtz |
Websäit | https://www.lsap.lu/ |
Déi éischt Virgängerpartei vun der haiteger LSAP, d'Sozialdemokratesch Partei, ass 1902 gegrënnt ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sozialdemokratesch Partei (1903).
Déi schlecht Aarbechtsbedingunge vun den Aarbechter, Hongersnout an de Präiswucher am Éischte Weltkrich hunn d'Grënnung vum Bierg- an Hütteverbond acceleréiert an 1917 war den éischte grousse Streik vun der Aarbechterbeweegung. D'Allianz mat de Liberalen, (de sougenannte Lénksblock) ass nom Schoulgesetz vun 1912 zerbrach. 1916 ass aus de Sozialdemokraten d'Sozialistesch Partei ginn, déi d'Republik verlaangt an d'allgemengt Walrecht gefuerdert hunn. 1924 huet si sech nees ëmbenannt an ass zur Lëtzebuerger Aarbechterpartei ginn.
D'Sozialistesch Beweegung gouf zur Aarbechter-Partei, déi vu verschiddene Gewerkschaften a Genossenschaften ënnerstëtzt gouf. Bis zum Zweete Weltkrich konnt d'Partei eng sëllege Succèse feieren: permanent ass se gewuess, d'Gewerkschafte goufen unerkannt, Kollektivverträg goufe reglementéiert an d'Maulkuerfgesetz gouf verhënnert.
Onzefridde Membere vun der LSAP hire Virgängerparteien hunn ëm 1904 d'Sozialdemokratesch Aarbechterpartei an 1921 d'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt.
Bei den éischte Walen nom Krich am Oktober 1945 huet d'Aarbechterpartei missen eng schwéier Nidderlag abéissen. 1947 huet déi an LSAP ëmgedeeft Partei hiren Neesopbau ugefaangen an hir ass de Spronk an d'Regierungskoalitioun gelongen (1951-1959 an der Regierung Dupong-Bodson a Bech-Bodson an 1964-1968 an der Regierung Werner-Cravatte).
D'Diskussiounen iwwer d'Ausriichtung vun der Partei huet d'LSAP op en Neits gespléckt. 1970 hu 6 Deputéierten d'Partei verlooss an de Gros vun der Parteispëtzt ass ausgetrueden an huet déi Sozialdemokratesch Partei (SdP) gegrënnt.
Allerdéngs konnt d'LSAP sech nees 1974 opfänken an huet mat der DP an der Mëtt-Lénks-Koalitioun (Regierung Thorn-Vouel-Berg) wichteg sozial Reformen duerchgesat: Reform vun der Justiz (ë. a. d'Humaniséierung vum Strofvollzuch), d'Aféiere vun enger 5. Woch Congé, d'Verallgemengerung vun der 40-Stonnewoch, d'Aféiere vum Lounindex, Reform vum Chômage asw. Dëst huet awer d'Nidderlag vun 1979 net kënne verhënneren. Wärend dëser Legislatur huet d'LSAP hire berüümten Energiekongress ofgehalen an huet de Moratoire un der Atomzentral vu Remerschen decidéiert. Dëst war den definitiven Aus vum Projet.
1979 ass nees en Neiunfank gemaach ginn deen d'Partei zum grousse Walsuccès vun 1984 gefouert huet.
An der Koalitioun mat der CSV (1984-1989, Regierung Santer-Poos I) ass et gelongen, eng déif Ëmstrukturéierung vun der Stolindustrie ze vollzéien an den RMG gouf agefouert. Dës Koalitioun ass zweemol bis 1999 widderholl ginn: d'Regierunge Santer-Poos II an III an d'Juncker-Poos). An dëser laanger Period goufen d'Pensiounskeesen, d'Krankeversécherung an d'Steiere reforméiert, grad wéi d'Maastricht-Ofkommes ënnerschriwwe gouf.
D'LSAP ass dunn eng Legislatur (1999-2004) an d'Oppositioun geschéckt ginn a konnt sech duerch e liicht bessert Resultat bei de Chamberwalen 2004 nees als déi zweetstäerkst Partei am Land behaapten. Si gouf dunn och 2004 an 2009, Koalitiounspartner vun der CSV an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.
No de virzäitegen Neiwale vum 20. Oktober 2013 huet d'LSAP sech mat der DP an deene Gréngen op eng Koalitioun gëeenegt, déi de 4. Dezember 2013 als Regierung Bettel-Schneider vereedegt gouf. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, dës Koalitioun, a Form vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vum 5. Dezember 2018 u virun ze féieren.
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 krut d'LSAP 11 Sëtz.[1]
Joer | Stëmmen | % | Sëtz | Rang | Deputéiert | Grupp |
---|---|---|---|---|---|---|
1979 | 211.106 | 21,6 | 1 vu 6 | 3. | Victor Abens | PES |
1984 | 296.382 | 29,9 | 2 vu 6 | 2. | Victor Abens Lydie Schmit/Joseph Wohlfart |
PES |
1989 | 252.920 | 25,4 | 2 vu 6 | 2. | Ben Fayot Robert Krieps/Marcel Schlechter |
PES |
1994 | 251.500 | 24,8 | 2 vu 6 | 2. | Ben Fayot Marcel Schlechter |
PES |
1999 | 239.048 | 23,6 | 2 vu 6 | 2. | Robert Goebbels Jacques Poos |
PES |
2004 | 239.967 | 22,1 | 1 vu 6 | 2. | Robert Goebbels | PES |
2009 | 218.532 | 19,5 | 1 vu 6 | 2. | Robert Goebbels | S&D |
2014 | 137.504 | 11,8 | 1 vu 6 | 4. | Mady Delvaux-Stehres | S&D |
2019 | 152.900 | 12,19 | 1 vu 6 | 4. | Nicolas Schmit/Marc Angel | S&D |
2024 | 300.879 | 21,72 | 1 vu 6 | 2. | Marc Angel | S&D |
Joer | % | Rang | Zuel Sëtz | Regierungsbedeelegung |
---|---|---|---|---|
1945 | 23,4 | 2. | 11 vun 51 | National Unioun |
1948 | 37,8 | 1. | 15 vun 51 | Oppositioun |
1951 | 33,8 | 2. | 17 vun 52 | Oppositioun |
1954 | 35,1 | 2. | 17 vun 52 | Bech-Bodson |
1959 | 34,9 | 3. | 11 vun 52 | Oppositioun |
1964 | 37,7 | 1. | 21 vu 56 | Werner-Cravatte |
1968 | 32,3 | 2. | 18 vu 56 | Oppositioun |
1974 | 29,2 | 2. | 17 vun 59 | Thorn-Vouel-Berg |
1979 | 24,3 | 2. | 14 vun 59 | Oppositioun |
1984 | 33,6 | 2. | 21 vu 64 | Santer-Poos I |
1989 | 26,2 | 2. | 18 vu 60 | Santer-Poos II |
1994 | 25,4 | 2. | 17 vu 60 | Santer-Poos III / Juncker-Poos |
1999 | 22,4 | 3. | 13 vu 60 | Oppositioun |
2004 | 23,4 | 2. | 14 vu 60 | Juncker-Asselborn I |
2009 | 21,6 | 2. | 13 vu 60 | Juncker-Asselborn II |
2013 | 20,2 | 2. | 13 vu 60 | Bettel-Schneider |
2018 | 17,6 | 3. | 10 vu 60 | Bettel-Schneider-Braz > Bettel-Schneider-Bausch > Bettel-Kersch-Bausch > Bettel-Lenert-Bausch |
2023 | 18,9 | 3. | 11 vu 60 | Oppositioun |
Commons: Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.