lëtzebuergesche Fotograf From Wikipedia, the free encyclopedia
De Marc Theis, gebuer den 18. Abrëll 1953 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Fotograf.
Marc Theis | |
---|---|
Gebuer |
18. Abrëll 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf, Saachbuchauteur |
Hien ass a Frankräich an zu Diddeleng opgewuess an huet fir Dekorateur a Schrëftsetzer geléiert. 1971 huet en op der Lazi Akademie zu Stuttgart Graphik a Konscht studéiert. Hien huet sech 1976 zu Hannover installéiert (wou en haut nach wunnt) an do fir d'éischt als Fotograf op der Medezins-Fakultéit, duerno 5 Joer laang am Publicitéitsrayon vum Tourismuskonzern TUI, geschafft.
Zanterhier ass e fräischafende Fotograf. Hien huet ë. a. fir d'Sennheiser-Mikrophone bekannt Museker fotograféiert.
D'Portraiten op den Timberen déi d'Lëtzebuerger Post am Joer 2000 wéi den Groussherzog Henri op den Troun koum, erausginn huet, si vum Marc Theis[2].
Beim Nikon Photo Contest International 1985/1986 huet hie mat senger Foto "Strandläufer" d'Goldmedail fir déi bescht Faarffoto gewonnen.
Commons: Marc Theis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.