Many Arnold-Leurs
lëtzebuergesch Molerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Many Arnold-Leurs, gebuer als Madeleine Susanne Catherine Leurs de 5. Mäerz 1920 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 29. Dezember 2013, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1][2]
Many Arnold-Leurs | |
---|---|
Gebuertsnumm | Madeleine Susanne Catherine Leurs |
Gebuer |
5. Mäerz 1920 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 29. Dezember 2013 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Georges Arnold |
![]() |
D'Many Leurs war eng Duechter vum Schlässer August Leurs a vun der Susanne Müller.[3] Hir kënschtleresch Ausbildung krut si an enger Rei Atelieren an der Stad an huet e Cours an der Académie de la Grande Chaumière zu Paräis gemaach[4]. D'Many Leurs war mam Dokter Georges Arnold (1920-2018) bestuet, mat deem si zwee Meedercher hat.
D'Many Leurs huet expressionistesch Blummenarrangementer gemoolt, vun 1960 un huet si ugefaange méi abstrakt ze schaffen an huet ënner anerem Landschafte gemoolt.[5] Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg an huet vun 1956 un am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt.[6]
D'Many Arnold-Leurs ass am Alter vun 93 Joer gestuerwen.[7]