germanesch Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Lëtzebuergesch gëtt an der däitscher Dialektologie als ee westgermaneschen, mëtteldäitschen Dialekt aklasséiert, deen zum Muselfränkesche gehéiert. An der Linguistik gëtt et och alt zu de sougenannten "Ausbausproochen", respektiv "Kultursproochen", gezielt.
Lëtzebuergesch Lëtzebuergesch | |
---|---|
Gëtt geschwat an: | Lëtzebuerg, Belsch (Areler Land, Zënt-Väiterland), Frankräich (Diddenuewener Land, Sierker Land), Däitschland (Saarbuerger Land, Béibreger Land, Prümer Land) |
Regioun: | Europa |
Gëtt geschwat vun: | 400.000[1] |
Klassement: | ? |
Klassifikatioun no Famill: | Indo-Europäesch
|
Offizielle Status | |
Offiziell Sprooch vun: | Lëtzebuerg zu Lëtzebuerg ass Ltz. net als "offiziell Sprooch" definéiert, mä just als "Nationalsprooch" an eng vun de Kommunikatiounssprooche vun der Verwaltung. Belsch |
Reglementéiert vun: | n.a. |
Sproochcoden | |
ISO 639-1 | lb |
ISO 639-2 | lb |
ISO 639-3 | ltz |
D'Lëtzebuergescht gouf de 24. Februar 1984 per Gesetz[2] als "Nationalsprooch" an nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen als eng vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert[3]. Lëtzebuergesch gouf 1995 per Gesetz als Ëmgangssprooch an de Gemengeréit deklaréiert. Conseillere kënnen och eng aner offiziell Sprooch benotzen, mä et besteet keng Iwwersetzungsflicht[4].
Spéitstens zanter dem Gesetz vun 1984 gëtt Lëtzebuergesch national wéi eng eegestänneg Sprooch behandelt.
Ofgesi vun dësen éischter technesche Krittären ass et virun allem och de symbolesche Charakter, d'Identifikatiounselement dat dra läit, wat et mat sech bréngt, datt d'Lëtzebuerger dat, wat se schwätzen, als hir Sprooch ugesinn.
Lëtzebuergesch gëtt zu Lëtzebuerg geschwat, mä och nach an de Grenzregioune vu sengen Nopeschlänner: an Däitschland an der Géigend ëm Béibreg an am Museldall ronderëm Tréier, an der Belsch an der Provënz Lëtzebuerg, am Areler Land, an a Frankräich an enger Partie vu Loutrengen. Wat ee méi a Richtung Oste geet, wat dat, wat geschwat gëtt, ëmmer méi an déi aner muselfränkesch Dialekter iwwergeet. Mat vill guddem Wëlle kann een och nach d'USA derbäizielen, wou d'Kands(-kands-)kanner vun deene Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert dohin ausgewandert waren, nach vereenzelt Lëtzebuergesch schwätze kënnen. Geleeëntlech gëtt nach ëmmer dat, wat a Siwebiergen/Transsylvanien (Rumänien) geschwat gëtt oder gouf, wéinst engem Glach mam Lëtzebuergeschen derbäigezielt, och wa sech dat scho laang als wëssenschaftlech net haltbar erwisen huet[6].
An der Belsch an a Frankräich gouf Lëtzebuergesch allerdéngs laang Zäit nom Zweete Weltkrich net geléiert, soudatt et virun allem eeler Generatioune sinn, déi et nach schwätzen. Doduerch, datt et fir déi vill Frontalieren um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart nëtzlech ass, gëtt et awer erëm, zum Beispill an Owescoursen, geléiert.
Et gëtt verschidden Dialektforme vum Lëtzebuergeschen: Areler, Eechternoacher, Kliärrwer, Minetter, Miseler, Stater, Veiner, Weelzer, asw. Fréier gouf et souguer vun Duerf zu Duerf Ënnerscheeder bei verschiddene Wierder, oder et koum zu am Rescht vum Land onbekannte Wierder (z. B. al Rëmelenger Wierder wéi Klëppchen oder Schëntercher). Déi Ënnerscheeder sinn an historesche Sproochatlante genee beschriwwe ginn[7].
Duerch d'Mobilitéit vun de Leit an och duerch déi geschwate Medien (Radio an Televisioun) verlafe sech dës Ënnerscheeder awer ëmmer méi, respektiv tendéieren zu enger Zort 'Standardlëtzebuergesch', an der Linguistik Koinè genannt, hin[8].
No enger Rei vun Uleef gouf 1975 eng eenheetlech Orthographie duerch e ministeriellen Arrêté agefouert[9]. 1999 goufen dës Reegele per groussherzoglecht Reglement liicht verännert[10]. Déi offiziell Orthographie gëtt an de Schoulen, wann iwwerhaapt, nëmmen ee Joer enseignéiert, wat dozou féiert, datt weiderhin individuell Orthographievarianten an der Praxis koexistéieren.
Zanter 2006 gëtt et e Spellchecker, deen ënner enger fräier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gängegen Open-Source-Programmer ze funktionéieren (OpenOffice, Mozilla Thunderbird, asw.). Dësen Utilitär ënner dem Numm www.spellchecker.lu gëtt reegelméisseg weiderentwéckelt[11].
Lëtzebuergesch gouf 2009 vun der Unesco an de Weltatlas vun de Sproochen, déi a Gefor sinn, opgeholl. D'Vitalitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch gëtt an der Online-Versioun vum Atlas als onsécher (unsafe) agestuuft[12].
Déi Ausso ass zu Lëtzebuerg ëmstridden, virun allem bei Fuerscher, déi sech mat der Lëtzebuerger Sprooch befaassen. De Soziolog Fernand Fehlen (Uni Lëtzebuerg) vertrëtt z. B. d'Meenung, d'Lëtzebuerger Sprooch wier net um Ausstierwen, am Géigendeel, si géif sech gutt entwéckelen, sou als Invité vum Dag den 9. Mäerz 2009 um Radio 100,7.[13]
An der Kulturchronik vum Radio 100,7 geet de Jean-Claude Majerus den 10. Mäerz 2009 nach emol op de Sproochenatlas vun der Unesco an. Hei gouf d'Lëtzebuerger Sprooch jo als onsécher Sprooch mam Niveau 1 aklasséiert (déi Bairesch Sprooch huet déi selwecht Astufung). Dat kënnt dohier, well d'Unesco Krittäre benotzt wéi beispillsweis a wéi engem Mooss eng Sprooch an der nationaler Press geschriwwe gëtt. Wéinst hirer schwaacher Stellung an der geschriwwener Press ass d'Lëtzebuergesch do agestuuft ginn.
De lëtzebuergesche Linguistik- a Literaturlabo op der Uni Lëtzebuerg zeechent en anert Bild vun eiser Sprooch: verglach mat den 1970er an de 1980er Joren huet d'Lëtzebuergesch signifikativ u Bedeitung zougeholl, ëmmer méi Leit schwätzen et, et gouf nach ni sou vill op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi haut, an dat net nëmmen an der Literatur, mä och an neie Beräicher, wéi d'elektronesch Post (Email, SMS) oder um Internet (Wikipedia, Websäiten, Bloggen, Facebook). Experte wéi de Fernand Fehlen ginn och ze bedenken, datt d'Lëtzebuergesch eng kleng a jonk Sprooch ass, déi voll an der Entwécklung stécht, an där hir Plaz an der kultureller a soziokultureller Landschaft vu Lëtzebuerg erhale wäert bleiwen.
De Statec huet 2011 an 2017 objektiv Donnéeë virgeluecht. Vun de Kanner déi tëscht 2007 an 2011 als Lëtzebuerger gebuer goufen hunn der just 78,4 % d'Lëtzebuergescht als Haaptsprooch. Vun der aktiver auslännescher Populatioun sinn et 2017 nach déi Däitsch vun deene der am meeschten op d'mannst e gewëssen Niveau am Lëtzebuergeschen hunn (42,8 %), virun de Belsch (24,9 %), Portugisen (20,4 %), Italieener (18,4 %) an zum Schluss d'Fransousen (15,6 %) - an der Moyenne kënnen also eng 80 % vun hinne guer kee Lëtzebuergesch. Dem Alter no gekuckt sinn et um Stand vun 2011 nach déi jonk Auslänner an déi vun där eelerer Generatioun déi déi zu de meeschte Lëtzebuergesch als Haaptsprooch ugesinn, vu 27 bis 65 Joer sinn et der just 5 % oder souguer manner. Am Ganzen ass et 2017 sou, datt 60,7 % vun alle Leit déi zu Lëtzebuerg liewen d'Sprooch kënnen, an 39,3% hunn net mol eng rudimentär Basis vum Lëtzebuergeschen[14],[15].
De Fall, oder de Kasus, gëtt op Lëtzebuergesch haaptsächlech am Artikel (den, en), aner Determinanten (mäin, dësen, keen), an an attributiven Adjektiver gewisen. D'Lëtzebuergesch kennt 3 Fäll: den Akkusativ, deen och d'Funktioun vum Nominativ iwwerholl huet, den Dativ an nach an e puer Expressiounen de Geenitiv. Vum Nominativ bleiwe just nëmmen e puer Nominalphrasen (NP) wéi der Däiwel oder eiser Herrgott.
Well de Geenitiv am Lëtzebuergeschen rar ass, gëtt de Besëtz mam Dativ ausgedréckt: dem Mann säi Buch. Dëst gëtt dacks als Geenitivëmschreiwung genannt, Genitivumschreibung op Däitsch a periphrastic genitive op Englesch. Zu de Geenitivausdréck gehéieren z. B.: Enn des Mounts, ufanks der Woch, hien ass des Däiwels.
Wat d'Zuel ugeet, do kennt d'Lëtzebuergescht d'Eenzuel (de Singulier) an d'Méizuel (de Pluriel). Et ass d'Eenzuel, déi onmarkéiert ass. Dëst heescht, datt et eng Méizuelendung gëtt, mä keng Eenzuelendung. Am Lëtzebuergesche kennt d'Méizuel keng Geschlechter, déi gëlle just an der Eenzuel.
Geschlechter (Genus) gëtt et der dräi: männlech, weiblech, a sächlech. Dat biologescht Geschlecht vu Leit an Déieren entsprécht an deene meeschte Fäll och dem Wuert sengem Geschlecht. Sou ass de Papp, de Mann, den Dokter männlech an d'Mamm, d'Fra weiblech. Ausnam ass d'Meedchen, dat sächlech ass.
D'Nimm vun den Deeg, Méint a Joreszäite si männlech. Ausnam ass d'Fréijoer, dat sächlech ass.
D'Nimm vun de Beem, Blummen a Friichte sinn am Allgemenge weiblech: d'Dänn, d'Eech, d'Rous, d'Piisch.
Zesummegesat Wierder kréien de Genus vum leschte Wuert:
Wierder, déi net mat engem biologesche Geschlecht verbonne sinn, kënnen iergendee Geschlecht hunn, ouni datt d'Wuert mat dësem grammatesche Geschlecht eppes ze dinn hätt.
Verschidden Endunge kënnen de Genus bestëmmen:
|
|
Wierder mam Prefix Ge- si sächlech, si bezeechnen dacks Kollektiver: d'Geméis, d'Gestreids, d'Gebraddels, d'Gefréiss..
En Adjektiv ass e Wuert, dat e Substantiv beschreift, mä et kann awer och als Adverb benotzt ginn, wou en dann en anert Adjektiv beschreift, oder e Verb, oder eng ganz Konstruktioun. Morphologesch gesi gëtt et zwou Kategorië vun Adjektiver: si sinn entweeder attributiv oder predikativ. Predikativ Adjektiver kommen nom Substantiv a ginn net deklinéiert:
Attributiv Adjektiver kommen awer virum Substantiv ginn deklinéiert a kréien hir respektiv morphologesch Endung:
Interessant ass och hei, datt déi bestëmmt Artikelen dacks virun engem attributiven Adjektiv d'Form vum Demonstrativ unhuelen: weiblech d gëtt déi (oder och di), sächlech d' gëtt dat, a Méizuel d' gëtt déi.
De Komparativ gëtt am Lëtzebuergeschen analytesch gemaach, dat heescht, datt d'Adjektiv selwer net geännert gëtt (z. B. -er, wéi am Däitschen), mä, datt nach en anert Wuert drugehaange gëtt. Dofir gëtt net *schéiner gesot, mä méi schéin:
Beim Superlativ gëtt tëscht dem relative Superlativ an dem absolutte Superlativ ënnerscheet:
De sougenannte superlatif relatif épithète gëtt d'selwecht deklinéiert wéi en adjectif épithète.
Beispiller:
Wuertuerdnung
An engem onmarkéierte Saz ass d'Wuertuerdnung SVO, also Sujet, Verb, an Objet: Ech iesse Kuch. Wann am Ufank vum Saz nach en Zousaz oder en Attribut (Englesch: adjunct) steet, da kënnt als éischt d'Verb an duerno de Sujet: Muer iessen ech Kuch. Dëse Phenomeen gëtt "V2" (Verb Second) genannt, well d'(Haapt)Verb ëmmer an zweeter Positioun ass.
Lëtzebuergesch huet awer och e Mëttelfeld, wou den Objet vum Saz tëscht dem Hëllefsverb op der lénkser Säit an dem Haaptverb op der rietser Säit steet: Ech muss Kuch iessen.
An Niewesätz ass d'Wuertuerdnung SOV: datt ech Kuch iessen. Wann an engem Niewesaz en Auxiliaire an e Participe passé ass, da kënnt d'Haaptverb fir d'éischt an den Auxiliaire fir d'lescht: datt ech de Kuch giess hunn. Wann an engem Niewesaz e Modalverb an en Infinitiv ass, da kënnt d'Modalverb fir d'éischt: "datt ech Kuch muss iessen". Et wier awer net falsch wann d'Modalverb am Enn kënnt (datt ech Kuch iesse muss) oder souguer virum Objet (datt ech muss Kuch iessen).
Neologisme sinn nei Wuertbildungen an nei Bedeitunge vu Wierder, déi schonn existéieren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Neologismen am Lëtzebuergeschen.
Commons: Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.