Secondairesschoul zu Wolz From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée du Nord, kuerz LN, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Wolz.
(LN) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General, Professionnel |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Wolz |
Adress | 19, rue Général Patton L-9551 Wiltz |
Schülerzuel | 1.075 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 18. Juni 1969 |
Koordinaten | 49°57'50,40"N, 5°55'38,17"O |
Um Spaweck | https://lnw.lu/ |
Op Basis vum Gesetz vun 1965 iwwer d'Mëttelschoulen[1] ass mam groussherzogleche Reglement vum 18. Juni 1969 de Lycée[2], deen deemools « Collège d'enseignement moyen » geheescht huet, gegrënnt ginn. Zur Schoul hunn och nach Dependancen zu Ëlwen a Klierf gehéiert. D'Beruffsausbildung vun Ëlwen a Klierf ass kuerz drop, mam Reglement vum 15. Juli 1969[3], bei d'Wëlzer Mëttelschoul geprafft ginn an d'Schoul krut dunn den Numm « Collège d'enseignement moyen et professionnel du Nord ». Am September 1969 ass eng éischt Kéier Schoul gehale ginn.
1973 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt mat deem d'Regierung d'Erlabnes krut fir e Gebai fir de Lycée bauen ze loossen[4]. Méi spéit goufe Vergréisserungen erlaabt: eng éischt Kéier 1995[5] an duerno nach 2001[6].
1979 ass aus der Mëttelschoul e Lycée technique ginn, deen den Numm « Lycée technique du Nord » krut[7].
Mam Gesetz vum 24. Mäerz 1992 krut d'Schoul och eng « Classique »-Sektioun[8] an aus dem Lycée technique gouf e Lycée, deen dunn den neien a bis haut gëltegen Numm « Lycée du Nord » krut[9].
2010 goufen de 40. Anniversaire vun der Schoul gefeiert an nei Gebaier ageweit.
Mat engem Fest ënnert dem Numm « LN Celebrating » a mat enger Séance académique sinn 2019 dem Lycée seng fofzeg Joer gefeiert.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.