Liichtmëssdag
traditionell Fest / From Wikipedia, the free encyclopedia
Liichtmëssdag, den 2. Februar, ass deen Dag, op deem zu Lëtzebuerg d'Kanner liichte ginn, dat heescht se gi mat "Liichtebengelen" a klenge Gruppe vun Haus zu Haus. Den Numm kënnt vum däitschen Ausdrock Lichtmesse (Lichtgottesdienst)[1] an d'Fest gëtt 40 Deeg no Chrëschtdag gefeiert.[2]
Dës Liichtebengele ware fréier einfach Bengelen, ronderëm déi eng Wick opgewéckelt war, haut droen d'Kanner meeschtens Lampionen (aus Sécherheetsgrënn mat elektresche Bieren, amplaz Käerzen). Dobäi ginn nieft dem wäit verbreete "Léiwer Hergottsblieschen" lokal heiansdo och nach aner Lidder gesongen.
A Frankräich, an der romanescher Schwäiz an an der Belsch ginn op Liichtmëssdag traditionell Paangecher gebak, well hir ronn Form a gëlle Faarf un d'Sonn erënnert, déi sech no der Däischtert a Keelt vum Wanter, erëm weise kënnt[3]. D'Traditioun verfollegt dëse Brauch zeréck op de Poopst Gelasius I., dee Paangecher un d'Pilger, déi zu Roum ukoumen, verdeelt huet. Eng Traditioun ass d' Paangecher an der Loft mat der rietser Hand ze dréinen, wärend een eng Goldmënz (z.B. Louis d'or) oder eng aner Mënz an der lénkser Hand hält fir de Wuelstand am ganze Joer ze encouragéieren. Dir musst sécher sinn datt d'Paangecher richteg an der Pan lant.[4]