Leeresmillen
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Leeresmillen (lokal:Lerresmillen) ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger. Se ass op der topographescher Kaart vum Kadaster als Léresmillen agedroen, och nach Lerresmillen genannt. Et ass eng fréier Millen am Dall vun der Trëtterbaach.
Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Leeresmillen | |
---|---|
D'Leeresmillen (2014). | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Lehresmühle de: Lehresmühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Wëntger |
Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
Koordinaten |
50° 05’ 11’’ N 05° 56’ 36’’ O |
Zoumaachen
Si läit um hallwe Wee tëscht der Neimillen an der Aasselbuerer Millen, zirka 1,3 km nordwestlech vu Stackem.
Vun der fréierer Millen ass näischt méi ze gesinn, just um Terrain kann een nach gutt de Verlaf vum Millegruef feststellen. Op der Plaz vun der Mille steet haut e grousse Bauerenhaff.
Net wäit vun der Leeresmille leeft d'Fennbaach an d'Trëtterbaach.
Op d'Leeresmille kënnt een iwwer e Feldwee, deen op der Kräizung fir op Stackem vun der N12 fortgeet, an op Houfelt féiert.