![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/13/Campo_de_Criptana_Molinos_de_Viento_1.jpg/640px-Campo_de_Criptana_Molinos_de_Viento_1.jpg&w=640&q=50)
Millen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Millen (vum alhéidäitschen: muli, vum laténgeschen: molina; zu molere - muelen) ass eng Maschinnenanlag, mat där z. B. Fruucht zu Miel gemuele gëtt.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/13/Campo_de_Criptana_Molinos_de_Viento_1.jpg/640px-Campo_de_Criptana_Molinos_de_Viento_1.jpg)
Nieft der Fruucht ginn och nach Uelegkären oder Uelegfriichte wéi Raps, Sonneblummekären, Kürbiskären oder Nëss gemuel, fir den Ueleg auszupressen. Weiderhi kënne Gewierzer, Kaffi, Gips, Schwaarzpolver oder Faarfpigmenter gemuel ginn.