Kanton Klierf
ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kanton Klierf ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. Et ass flächeméisseg de gréisste Kanton a läit am Norde vum Land.
Séier Fakten Land, Chef-lieu ...
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Chef-lieu | Klierf |
Gemengen | Klierf, Wëntger, Parc Housen, Ëlwen, Wäiswampech |
Fläch | 342,17 km² |
Awunner | 21.214 |
Zoumaachen
E grenzt am Norden a Westen un d'Belsch, am Osten un Däitschland an am Süden un d'Kantone Wolz, Dikrech a Veianen.
Déi 5 Gemengen aus dem Kanton sinn:
Méi Informatiounen LAU-Code, Gemeng ...
LAU-Code | Gemeng | Fläch (km²)[1] |
---|---|---|
LU0501 | Klierf | 85,05 |
LU0502 | Wëntger | 113,36 |
LU0503 | Parc Housen | 70,65 |
LU0504 | Ëlwen | 37,86 |
LU0505 | Wäiswampech | 35,25 |
Fläch vum Kanton | 342,17 |
Zoumaachen