Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De McCormick Observatory ass en Observatoire vun der University of Virginia a steet zu Charlottesville, Virginia (USA) um Bierg Mount Jefferson, deen dofir och Observatory Hill genannt gëtt).[1]
Den Observatoire ass nom Leander J. McCormick benannt, deen e Groussdeel vun de Gelder fir den Teleskop an den Doum gespent hat. Den Observatoire gouf 1885 fäerdeg gebaut an huet e Lënsenteleskop mat engem Duerchmiesser vu 65 cm, hiergestallt vun Alvan Clark & Sons. D'Kuppel huet en Duerchmiesser vu ronn 15 Meter a gouf vum Warner and Swasey entworf.
D'wëssenschaftlech Ënnersich hu sech op d'Distanzbestëmmung vu Stären no der Parallaxe-Method konzentréiert, op dës Aart a Weis goufen Dausende Stäre vermooss. Den Observatoire déngt haut fir d'Ausbildung vu Studenten a fir déi populär Astronomie de Leit méi no ze bréngen.
Commons: Leander McCormick Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.