From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kryosphär (Algriichesch: κρύος kryos‚ ‚Frascht‘) ass dat ganzt Virkomme vum feste Waasser (Äis) op engem Himmelskierper[1]. Wéinst der klenger Dicht vum Äis ass et an der Reegel no bei der Uewerfläch vum Himmelskierper a kann zudeem selwer entweeder Deeler vun der Uewerfläch oder souguer déi ganz Uewerfläch bilden.
D'Kryosphär vun der Äerd ëmfaasst:
Si ass en Deel vun der Hydrosphär an, wéi déi, en Deel vum Sphäresystem vun der Äerd. D'Kryosphär vun der Äerd huet eng grouss Bedeitung fir d'Klimasystem, well d'Äis reflektéiert wéinst sengem héije Réckstralverméigen (Albedo) eng grouss Mass vun der Sonnenastralung inklusiv der Hëtzstralung, un de Weltraum. Ausdeenung a Réckzuch vu kontinentalen Äisschëlter a Mieräisflächen hunn dofir Réckkopplungseffekter op d'Ofhuele resp. d'Eropklamme vun der duerchschnëttlecher Welttemperatur.
Wärend d'Kryosphär op der Äerd nëmmen en extreem klengen Deel vum ganze Planéitevolumen huet, ass deen Deel bei zolitten Objeten am bausse Sonnesystem bedeitend méi grouss.
An der Déift vu sou Äismounde läit d'Äis warscheinlech a sougenannte Héichdrockmodifikatioune vir, déi jee eng aner Kristallstruktur an eng méi héich Dicht hunn, wéi "normaalt" Äis[2].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.