Kim Kirchen
lëtzebuergesche Vëlossportler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kim Kirchen, gebuer den 3. Juli 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien ass de Bouf vum Erny Kirchen.
Kim Kirchen | |
---|---|
Gebuer |
3. Juli 1978 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Cyclocrossfuerer |
Gréisst | 177 Zentimeter |
Gewiicht | 67 kg |
Veräin/Ekipp |
HTC-Highroad, Katusha-Alpecin, Fassa Bortolo, T-Mobile |
Famill | |
Papp | Erny Kirchen |
Seng éischt Course fiert hien 1992 zu Dummeldeng an der Kategorie Cadets.
Vun 1998 bis 2000 ass hien an der italieenescher Amateur-Ekipp De Nardi.
An Italie kënnt hien a Kontakt mat der Ekipp Fassa Bortolo a kritt do e Kontrakt als Profi. An dëser italieenescher Ekipp fiert hie vun 2001 bis 2005. 2006 ass hie bei d'däitsch Ekipp T-Mobile Team gewiesselt, an 2009 fiert hie fir den Team Columbia-HTC.
Zanter der Saison 2010 fiert hie bei der Ekipp Katjuscha. Well e beim Tour de Suisse 2010 e kuerzen Häerzstëllstand hat, konnt en dat Joer net beim Tour de France matfueren.
Nom Enn vu senger professioneller Karriär, aus Gesondheetsgrënn, schafft hien am Sportsministère am Archiv iwwer de Lëtzebuerger Vëlossport.[1]