Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kifer zu Bierschbech, war eng Schwaarzkifer (Pinus nigra, (fr) pin noir, (de) Schwarzkiefer oder Schwarzföhre) déi bis 2015 zu Bierschbech an der Gemeng Miersch stoung an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert huet.
Kifer zu Bierschbech | |
---|---|
D'Schwaarzkifer (2008) a Richtung Rolleng gekuckt | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Miersch |
Koordinaten | 49°44'39,520"N, 6°6'47,632"O |
Bamaart | Schwaarzkifer |
Geschaten Alter | 165 a |
Status | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
Héicht | 21 m (2002) |
Duerchmiesser | 0,91 m (2002) |
Ëmfang | 2,86 m (2002) |
De Bam stoung zu Bierschbech an der Sektioun Rolleng vun der Gemeng Miersch, am Park vum Blannenheem laanscht d'Haaptstrooss (N7).
An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert hat den Nottär Michel Clement sech zu Bierschbech eng Villa gebaut a ronderëm e Park amenagéiere gelooss. D'Schwaarzkifer war also ronn 165 Joer al wéi s'ëmgehae gouf.[1]
D'Proprietéit huet e puermol de Besëtzer gewiesselt, ier se vun der leschter Besëtzerin un d'Blannevereenegung verierft gouf. 1972 sinn déi éischt Blann an d'Heem agezunn. Zanterhier gouf d'Villa e puermol ëmgebaut an nei Gebaier koumen derbäi. Zënter 2016 sinn en Altersheem an e Foyer fir blann Leit am Komplex ënnerbruecht.[1]
2015 gouf de Bam wéinst enger méiglecher Gefor fir de Stroosseverkéier ewechgeholl.
Am Park stoung bis 2001 e Wëlle Käschtebam (Aesculus hippocastanum) mam selwechten Alter wéi d'Schwaarzkifer. Et war geplangt de Käschtebam 2002 op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg ze setzen; de Bam gouf awer 2001 ouni erkennbare Grond ewechgeholl.
De Bam stoung zënter dem 29. Mäerz 1974 am Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.
Joer | [2] | ||
---|---|---|---|
2000 | 2,86 | 0,91 | 21,00 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Commons: Kifer zu Bierschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.