Karel vun Éisträich-Teschen
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Karl-Ludwig vun Habsburg-Loutrengen, spéider Karel vun Éisträich-Teschen, gebuer de 5. September 1771 zu Florenz a gestuerwen den 30. Abrëll 1847 zu Wien, war den drëtte Jong vum Keeser Leopold II., deen och Herzog vu Lëtzebuerg war. Säin eelste Brudder, de Franz I. vun Éisträich, war als Franz II. dee leschte Keeser vum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun.
Karel vun Éisträich-Teschen | |
---|---|
Gebuertsnumm | Carl Ludwig Johann Joseph Laurentius von Österreich pp |
Gebuer |
5. September 1771 Florenz |
Gestuerwen |
30. Abrëll 1847 Wien |
Nationalitéit | Keesertum Éisträich |
Aktivitéit | Offizéier, Militär |
Famill | |
Papp | Leopold II. (HRR) |
Geschwëster | Franz II. (HRR) |
Wärend der Brabanter Revolutioun gouf den Erzherzog Karl-Ludwig, am November 1790, als Grand-duc héréditaire de la Belgique vum Souveräne Kongress vun de Vereenegten nidderlännesche Staaten zu Bréissel gewielt.
Och wann dës Wal schliisslech net konnt verhënneren, datt d'Éisträicher, ënner dem Feldmarschall von Bender, vu Lëtzebuerg aus, déi opstännesch Géigenden zeréckeruewert hunn, ass dës Épisode e wichtege Meilesteen an der geschichtlecher Ëntwécklung vum belsche Raum. D'Belsch ass als Staat zwar réischt 1830, duerch d'Belsch Revolutioun ëntstanen, mä d'Saach hat eng laang Virgeschicht.
Tëscht 1801 an 1805 war de Karl-Ludwig Groussmeeschter ("Hochmeister") vum Däitsche Ritteruerden (chevaliers teutoniques).
1815 huet hie sech mat der Prinzessin Henriette Alexandrine vun Nassau-Weilburg (1797-1829) bestuet an d'Koppel krut siwe Kanner.
1822 huet hien d'Herzogtum Teschen geierft a war dunn och 'Herzog vun Teschen.
Trotz enger Tendenz zur Epilepsie huet hien, dee ganz beléift war, d'éisträichesch Arméi kommandéiert a souguer reforméiert.
De Karel vun Éisträich-Teschen gouf an der Kapuzinergruft zu Wien begruewen. An 1860 gouf e mat engem Denkmal um Heldenplatz zu Wien geéiert.