Kar (Planz)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kar (Secale cereale), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruuchtaart, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt wgl. Kar (Gefier). |
Secale cereale | |
An anere Sproochen |
fr: seigle de: Roggen |
---|---|
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Commelinidae |
Uerdnung | Poales |
Famill | Séissgrieser |
Gattung | Secale |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Secale cereale | |
L., 1753 | |
D'Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst wéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonn an der Antiquitéit gouf. Et gëtt villméi ugeholl, datt et virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat rekoltéiert gouf[1].
Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir mat sengem Miel Brout ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Fudder fir d'Béischte geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.
Am 19. Joerhonnert gouf d'Kar nëmmen op liichte (sandege) Biedem a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn. Dës Mëschung gëtt op Lëtzebuergesch Mëscheler genannt.