Jules Werner
lëtzebuergesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jules Werner, gebuer den 30. September 1977[1] zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Jules Werner | |
---|---|
Gebuer |
30. September 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
De Jules Werner huet an den USA an zu London gelieft, wou hien tëscht 1998 an 2001 Schauspillerei op der Guildhall School of Music and Drama studéiert huet. Zu Guildhall krut hien d'Gold Medal for Acting. Duerno huet hien nach e puer Joer an England gelieft, wou en ë. a. fir d'BBC ("Spooks") an d' Edward Hall's Propeller theatre company geschafft huet, ier en op Lëtzebuerg hannescht koum.
Hei schafft reegelméisseg a verschiddenen Theaterproduktioune mat an ass och an enger jett Filmer ze gesinn.
Fir seng Haaptroll als Inspekter Faber am Christophe Wagner sengem Doudege Wénkel krut hien 2014 de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun.
De Jules Werner ass d'Kandskand vum Pierre Werner.