Josée Gloden
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Josephine, genannt Josée Gloden, gebuer de 5. August 1914 zu Conter, a gestuerwen de 17. Januar 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1] Si war d'Duechter vum Bauer Nicolas Gloden an der Catherine Fohl.[2]
Josée Gloden | |
---|---|
Gebuertsnumm | Josephine Gloden |
Gebuer |
5. August 1914 Conter |
Gestuerwen |
17. Januar 1998 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
D'Josée Gloden huet beim Carin Meyers-Urban geléiert a si huet haaptsächlech Blummen a Landschaften an der Aquarell-Technik gemoolt. Si war Member vum Kënschtlerverband Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1952 bis 1960 am CAL sengen alljärleche Salonen ausgestallt. Si hat Eenzelausstellungen am Auditorium zu Arel (1955),[3] am Ettelbrécker Stadhaus (1956),[4] an der Galerie Bradtké (1963, 1968, 1970) an an der Galerie Wierschem (1975, 1980).[5] 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse an der Lily Unden.[6]
D'Josée Gloden ass 1998 am Alter vu 97 Joer gestuerwen.