From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean ("John") Grün, gebuer de 27. August 1868 zu Munneref a gestuerwen den 3. November 1912 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Kraaftmënsch. Hie war besser bekannt ënner dem Numm Herkul Grün an huet deemools als dee stäerkste Mann vun der Welt gegollt.
John Grün | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Grün |
Pseudonym | Herkul Grün |
Gebuer |
27. August 1868 Munneref |
Gestuerwen |
3. November 1912 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kraaftmënsch |
De Jean Grün koum aus enger alagesiessener Munnerëffer Handwierkerfamill. Säi Papp Johann Grün war e Lakert an Dëppegéisser a seng Mamm d'Anna Schneider war Hausfra. Seng Grousseltere waren de Johann Grün (*25.07.1801 Munneref) an d'Susanna Heger (*25. Floréal am Joer 8).
Als Kand huet den Dëppegéissesch Jeng, wéi de John Grün genannt gouf, misse ganz fréi sengem Papp bei der Aarbecht hëllefen. Mat enger Ieselskar ass d'Dëppegéisserfamill uechter d'Land gefuer fir Dëppen an aner Geschier fir de Stot ze verkafen oder ze flécken. Wann den Iesel mol net méi wollt zéien, war de John un der Rei[2].
De 7. Januar 1889 ass den 21-järege Jean Grün mat sengem Kolleeg, dem Päerdshändler Klein[3], u Bord vun der "Swyzerland"[4] an Amerika ausgewandert[5]. Nodeem e sech fir d'éischt als Barkeeper zu St. Louis iwwer Waasser gehalen huet, huet en den Alexander Marx, e professionellen Athleet a Kraaftmënsch, kennegeléiert. De Marx huet dem Grün säin Talent erkannt an déi zwéin hu sech zesummegedoen a se sinn als Marx Brothers[2] oder The Two Marks[6] uechter d'Welt op Tournée gaangen: Amerika, England, Schottland, Irland, Schweden, Norwegen, Dänemark, Belsch an Däitschland.
An de Joren 1890/91 huet de John Grün d'Amerika-Meeschtere Samson an Johnson an de laangjärege Weltmeeschter Wohlland aus Schweden geschloen. Vun 1892 un huet de Grün sech als „stäerkste Mann vun der Welt“ feiere gelooss.
Bei sengen ëffentlechen Optrëtter huet hien Neel mat de Fangere gebéit, Kette gesprengt, Houfeise mat de Muskelen an zwee baschte gelooss, sech Steng op der Broscht mat engem décken Hummer futtischloe gelooss, an aner Kraaftkonschtstécker opgeféiert. Eng vu senge bekanntsten Nummeren ass um Monument, dat d'Stad Munneref opgeriicht huet, ze gesinn: Se bestoung doran, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen.
Nodeem en eng Zäit laang mat der stäerkster Fra vun der Welt, der belscher Athleetin Miss Fanny, ënnerwee war, war de John Grün just nach eleng op Tournée an ass a Frankräich, Italien, Holland, Australien, Südafrika an England opgetrueden, wou e sech am wuelste gefillt huet.
De 16. Mee 1897 ass de John Grün virum Groussherzog Adolf um Walfer Schlass opgetrueden. Am selwechte Joer war de John Grün op der Schueberfouer déi grouss Attraktioun am "Grand-théâtre Fernando". 1898 huet hien op der Schueberfouer e Karussell mat 11 Mënschen drop wärend e puer Minutten am Gläichgewiicht gehalen[7].
Säi leschte groussen Optrëtt hat de John Grün 1909 zu Esch-Uelzecht. Kuerz duerno, wéi en an Holland e Karussell mat fofzéng Leit gehuewen hat, huet en en Hiereschlag erlidden. E konnt duerno net méi schwätzen, soudatt e seng Carrière als Kraaftmënsch huet missen opginn.
Fir sech säi Liewensënnerhalt ze verdéngen, huet de Grün zu High Wycombe, enger Stad am Buckinghamshire 50 km westlech vu London, en Hotel kaaft, deen e mat senger Fra Emily Comens bedriwwen huet.
D'Koppel hat dräi Kanner: Johnny, Emmy a Leo. Den eelste Bouf Johnny gouf vu klengem u vu sengem Papp trainéiert an ass dacks mat him opgetrueden[8].
1911 ass seng Fra gestuerwen an et ass vun Dag zu Dag mat senger Gesondheet biergof gaangen. Enn Januar 1912 ass en zeréck op Lëtzebuerg gereest an huet déi lescht Deeg vu sengem Liewen am psychiatresche Spidol zu Ettelbréck verbruecht, wou en den 3. November am Alter vu 44 Joer gestuerwen ass. Dräi Deeg méi spéit, de 6. November 1912, gouf en um Munnerëffer Kierfecht begruewen.
Fir un den 150. Gebuertsdag vum John Grün ze erënnere koum de 15. Mee 2018 vun der Lëtzebuerger Post en Timber vun 0,55 € eraus.[9]
Commons: John Grün – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.