Jeanne Reuter
lëtzebuergesch Molerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Jeanne Reuter, gebuer de 27. Juni 1884 zu Metz, a gestuerwen de 14. Mäerz 1965 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Molerin[1].
Jeanne Reuter | |
---|---|
Gebuer |
27. Juni 1884 Metz |
Gestuerwen |
14. Mäerz 1965 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Albert Calmes |
Kanner | Christian Calmes |
D'Jeanne Reuter krut hir artistesch Ausbildung an de Studioe vum Ferdinand d'Huart (1908) a Félix Glatz (1933-1935)[2] Si huet sech 1908 zu Metz mam Lëtzebuerger Ekonomist Albert Calmes (1881-1967) bestuet. De Calmes war Professer an Dekan op der Wirtschaftsfakultéit vun der Goethe-Universitéit zu Frankfurt am Main. Dräi Jonge koumen aus dem Bestietnes, dorënner den Diplomat Christian Calmes. 1918 ass d'Famill op Lëtzebuerg geplënnert.
D'Jeanne Reuter huet ënner anerem Portraiten, Landschaften a Stadbiller gemoolt. Si war Member an der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1935 bis 1960 un den alljärlechen Salonen deelgeholl huet. Bei hirer éischter Participatioun 1935 huet si eng Nature morte am Stil vum Paul Cézanne gewisen[3]. An de spéiden 1950er huet si verschidde Wierker gewisen, déi vun enger Rees am Kongo inspiréiert goufen.
D'Jeanne Reuter ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen[4].