franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Louis Trintignant, gebuer den 11. Dezember 1930 zu Piolenc (Vaucluse) a gestuerwen de 17. Juni 2022 zu Collias, war e franséische Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Jean-Louis Trintignant | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean Louis Xavier Trintignant |
Gebuer |
11. Dezember 1930 Piolenc |
Gestuerwen |
17. Juni 2022 Collias |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Institut des hautes études cinématographiques, Universitéit Paul-Cézanne |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Lauschterbuchspriecher, Charakterschauspiller, Autospilot, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Stéphane Audran, Nadine Trintignant, Marianne Hoepfner |
Papp | Raoul Trintignant |
Kanner | Marie Trintignant, Vincent Trintignant |
Hien huet a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Costa-Gavras, Éric Rohmer, Michael Haneke, Claude Chabrol, Bernardo Bertolucci, Ettore Scola, François Truffaut, Valerio Zurlini, Alain Robbe-Grillet, Georges Franju, Abel Gance a René Clément matgespillt.
Hie krut 1968 um Festival vu Berlin e sëlwere Bier als beschte Schauspiller am Film L'homme qui ment an 1969 de Präis als beschte Schauspiller um Festival vu Cannes am Film Z. Hie gouf och 2013 als beschte Schauspiller am Film Amour mat engem César als beschte Schauspiller ausgezeechent.
Hie war de Papp vun der Schauspillerin Marie Trintignant.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.