Kulturinstitut vum Lëtzebuerger Staat From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) gehéiert zu de Kulturinstituter vum Staat. Et gouf duerch d'Gesetz vum 25. Februar 2022 geschaf[1] an ersetzt, resp. iwwerhëllt d'Aufgabe vum fréiere Service des sites et monuments nationaux (SSMN).
Institut national pour le patrimoine architectural | |
---|---|
An dësem Gebai vun der Abtei Neimënster ass de Sëtz vum Institut national du patrimoine architectural | |
Institut national pour le patrimoine architectural | |
SSMN | |
Land | Lëtzebuerg |
Secteur | Kultur |
Leedung | Patrick Sanavia |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | 26, rue Münster L-2160 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Ministère de la Culture |
Gegrënnt | 19. September 1977 |
Déi éischt legislativ Virschrëften iwwer d'Erhalen an de Schutz vun den nationale Landschaften a Monumenter ginn op e Gesetz vum 12. August 1927 zeréck. De Grondsteen dozou hat d'Section historique vum Institut grand-ducal geluecht, där hire President d'Regierung Reuter mat engem Gesetzesvirprojet befaasst hat, fir sou e Gesetz zu Lëtzebuerg ze schafen. Als Basis dofir huet dat franséischt Gesetz iwwer d'historesch Monumenter vun 1913 (Loi du 31 décembre 1913 sur les monuments historiques) gedéngt. Am Gesetz vun 1927 gouf d'Commission des sites et monuments nationaux an d'Liewe geruff.
Den Zweete Weltkrich, besonnesch duerch Verwüüstungen an der Ardennenoffensiv, hat vill Schied un den nationale Monumenter hannerlooss. Dat huet mat sech bruecht datt an der ëffentlecher Meenung d'Bewosstsi fir den nationale Patrimoine opgefrëscht gouf.
Duerch e ministeriellt Reglement vum 13. Mee 1971 gouf ënner dem Kulturministère de Service des monuments historiques an d'Liewe geruff. Dee Service krut d'Aufgab fir d'Moossname fir de Schutz, den Ënnerhalt an d'Restauratioun vun historesche Monumenter auszeféieren.
De Service des sites et monuments nationaux ass duerch Gesetz vum 19. September 1977 gegrënnt ginn an huet de Service des monuments historiques ersat.
D'Gesetz vun 1977 gouf duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat ofgeschaaft an ersat. Dat neit Gesetz huet festgehalen datt d'Kulturinstituter vum Staat aus dem Service des sites et monuments nationaux, den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik, dem Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an dem Nationalmusée fir Naturgeschicht bestinn.
De 25. Februar 2022 koum d'Gesetz iwwer de Kulturpatrimoine eraus, dat d'Aufgabe vu verschiddene Kulturinstituter vum Staat nei definéiert huet an ë. a. déi vum Institut national pour patrimoine architectural, dat de Service des sites et monuments nationaux ofléist.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Am Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat sinn am Artikel 7 d'Aufgabe vum Service des sites et monuments nationaux festgeluecht. Dës sinn, ë. a., d'Studéieren, d'Erhalen, d'Schützen an d'Opwäerte vum nationalen architektoneschen an industrielle Patrimoine, dorënner déi Gebaier an Objeten, déi op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter stinn; d'Ausféieren an d'Iwwerwaache vu Reparaturen un de Gebaier an Objeten op där Lëscht; de Public duerch Campagnen, Konferenzen an Ausstellunge fir den Denkmalschutz an déi geschützte Gebaier an Objeten ze sensibiliséieren, asw.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.