Moundkrater From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hippalus ass en Aschlagkrater am Südweste vun der viischter Moundsäit tëscht dem Mare Humorum an dem Mare Nubium, südlech vum Agatharchides an nordwestlech vum Krater Campanus.
De Moundkrater Hippalus a Rimae Hippalus (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 24°55'12"S, 30°25'12"W |
---|---|
Duerchmiesser | 57,36 km |
Déift | 900 m[1] |
Selenographesch Längt | 30° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ19 |
De Krater ass vun der Lava vum Mare iwwerschwemmt, am südwestlechen Deel ass de Kraterrand dowéinst vollstänneg verschwonnen.
Duerch de Krater an ëstlech dovu lafen a grousse Béi d'Rillesystemer vum Rimae Hippalus déi der Krëmmung vum Mare Humorum-Rand nolafen. Eng vun den Haaptrille leeft dobäi duerch den Zentrum vum Krater.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 23,83° S, 32,91° W | 8 km | |
B | 25,24° S, 30,45° W | 5 km | |
C | 24,15° S, 30,69° W | 4 km | |
D | 23,7° S, 32,14° W | 22 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom anticke griichesche Séifuerer Hippalos genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.