Lieu-dit a Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Helperknapp oder einfach Helpert[1], ass e Lieu-dit an e klengen Zeiebierg[2] ëstlech vun der Uertschaft Bëschdref, an der Gemeng Helperknapp.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Knupp a Lieu-dit Helperknapp. Fir d'Gemeng mat deem Numm, kuckt wgl. Gemeng Helperknapp. |
Helperknapp Helpert | |
---|---|
D'Statu vum Willibrord beim Helperbuer (net ze gesinn) an hannen am Bild, d'Gehaanskapell | |
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Helperknapp |
Buergermeeschter | Paul Mangen |
Koordinaten |
49° 45’ 22’’ N 6° 1’ 38’’ O |
Den Helperknapp steet zanter dem 20. Januar 1939 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[3].
Den Helperknapp läit an der Sektioun Bëschdref vun der Gemeng Helperknapp, den héchste Punkt läit op 393 Meter.
Um CR114, bei der südlechen Afaart an d'Uertschaft Gréiweknapp féiert e goudronéierte Wee (ca. 850 m) duerch de Bësch bis op den Helperknapp.
Iwwer d'Joerhonnerte gouf den Helperknapp och nach ënner dësen Bezeechnungen ernimmt: Hellichberc, Elpret, Heylberch, Hellperch, Helburch, Hellberg, Helperknopf, Mons Salutis, Monte Salutis.[4]
Op engem fréiere Kierfecht steet d'Gehaanskapell. Den Helperknapp war fréier de Sëtz vun der Par Helpert. Am 17. Joerhonnert war de Klackentuerm vun der deemoleger Parkierch d'Wunneng vun engem Eremit. Géint 1735 gouf no beim Kierfecht souguer en Haus gebaut, wou zwéin Eremitte wunne konnten[5].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gehaanskapell um Helperknapp.
Westlech vun der Kapell stinn an engem Hallefkrees déi 14 Statioune vum Kräizwee.
D'Statioune goufe vun e puer Famillje vu Bëschdref finanzéiert a vum Schëndelsser Steemetzer M. Eltz realiséiert. Se goufen 1919 ursprénglech an enger Zort Allee tëscht der Kapell an der Grott opgestallt, sinn awer 1966 an déi haiteg Dispositioun geréckelt ginn[6].
Op 379 m Héicht entspréngt an enger klenger Grott eng Quell, déi wéinst der Willibrordusstatu niewendrun Willibrorduskapell genannt gëtt. D'Quell ass och nach als Helperbuer bekannt[7].
D'Plaz bei der Quell ass warscheinlech schonn a galloréimescher Zäit fir reliéis Zwecker benotzt ginn, jiddefalls deiten e puer Fonntstécker aus der direkter Ëmgéigend dorop hin. Am 17. Joerhonnert huet den Alexander Wiltheim op där Plaz nach en Altor mat Ofbildunge vum Herkules, der Ceres an der Isis gesinn.
All Joer geet op Päischtméindeg, dem Virowend vun der Iechternacher Sprangpressessioun, eng Pressessioun zu Éiere vum Willibrord op den Helperknapp.
Der Legend no hätt den hellege Willibrord (658 – 739) selwer déi éischt Chrëschten op Helpert gedeeft. E Willibrord-Sigel aus dem 15. Joerhonnert deen op der Plaz fonnt gouf, an dee méiglecherweis gebraucht gouf fir d'Behälter mam Heelwaasser zouzemaachen, weist drop hin, datt d'Quell effektiv dem Willibrord geweit war.[4]
An der Ëmgéigend vun der Quell war eng Raschtplaz vun den Nomaden.[4]
Bis ewell konnt näischt aus der Eisenzäit um Helperknapp nogewise ginn. D'Buerg nord-ëstlech vum Knapp, déi dacks am Zesummenhang mam Helperknapp ernimmt gëtt, staamt éischter aus der Zäit vum fréie Mëttelalter.[4]
Um Helperknapp konnte vill réimesch Artefakte fonnt ginn, ë. a. e Véiergëttersteen deen de Sockel vun enger Jupitersail war[4][8].
Enger Seechen no, hätt de Karel de Groussen um Helperknapp eng Halt gemaach an aus dem Buer gedronk, wouropshin hie vu senger Longentuberkulos oder – an enger anere Variant vun der So – senger Aekränkt geheelt ginn ass. Hien hätt de Helperknapp dowéinst „Hiwwel vun der Heelung“ genannt.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Karel de Groussen um Helperknapp.
Eenzel Fonntstécker (Keramik, Kleederspéngelen, …) stamen aus der Karolengerzäit. D'Urspréng vun der fréimëttelalterlecher Besiidlung um Helperknapp gi bis an d'8. Joerhonnert zeréck.[4]
Op der nordëstlecher Spëtzt vum Helperknapp war eng Fluchtbuerg mat enger Rëtsch Ramplien a Grief.[4]
Wéinst enger ganzer Partie klenge Fonntstécker kann een dovun ausgoen, datt e klengt Duerf ronderëm eng Parkierch um Helperknapp bestoung.[4]
Um Helperknapp war all Joer um éischte Méindeg am Mee[9] e grousse Maart vun iwwerregionaler Bedeitung, wou Händler aus dem Rhäinland, Loutrengen a Flandern hir Wueren ugebueden hunn.[4]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Helpermaart.
"Gemeng Helperknapp" déi nei Gemeng zu Lëtzebuerg, déi den 1. Januar 2018 aus der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten entstanen ass.[10]
Commons: Gehaanskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Kräizwee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Commons: Willibrordskapell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.