kathoulesch Kapell an der Gemeng Helperknapp From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kapell vum Helperknapp ass eng kathoulesch Kapell, déi fréier zur Par Bëschdref gehéiert huet, nodeems de Parsëtz 1773 op Bëschdref verluecht gouf. Zanter dem 7. Mee 2017 gehéiert den Helperknapp awer zur neier Par Äischdall-Helpert St-Willibrord am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell (2012) | ||||
Uertschaft / Plaz | Helperknapp | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Johannes | |||
Konsekratioun | 1900 | |||
Koordinaten | 49° 45’ 15.5’’ N 06° 01’ 40.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.
D'Kapell steet op engem fréiere Kierfecht zirka 40 m nërdlech vun der Willibrordusquell (Helperbur) ewech, déi an der Willibrorduskapell erauskënnt.
All Joers, um Päischtméindeg, pilgeren vill Leit op den Helperknapp, fir den hellege Willibrord ze veréieren.
D'Kapell steet zesumme mam Helperknapp zanter 1939 op der Lëscht vun de Monuments classés.[1]
Déi haiteg Kapell staamt aus dem Joer 1889 an ass ënner dem Paschtouer J.P. Marx am Joer 1900 ageweit ginn. D'Joreszuel 1900 fënnt een och am Triumphbou iwwer der Kapellendier. Och kann een a laténgescher Sprooch liesen: "Helleg Schmäerzensmamm, hëllef deenen, déi zu Dir an hiren Néit kommen."
De Kräizwee vum Schëndelsser Steemetzer M. Eltz ass vun 1919.
Déi lescht Renovéierungsaarbechte ginn op d'Joer 2000 zeréck.
Fréier war den Helperknapp de Sëtz vun der uraler Par Helpert, déi 1773 op Bëschdref verluecht gouf. Den Helperknapp huet vun 2007 bis 2017 dem Parverband Helpert den Numm ginn. De 7. Mee 2017 gouf eng nei Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord gegrënnt fir d'Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp, Sëll a Simmer. Well déi Par territorial vun Äischen op der belscher Grenz bis op de Rouscht geet, gouf een dueblen Numm erausgesicht. Den "Äischdall", well d'Gemengen Habscht, Simmer an Helperknapp ee groussen Deel vum Äischdall ausmaachen, an den Numm "Helpert" fir op de fréiere Parsëtz hinzeweisen, dee vu regionaler Bedeitung war. Den hellege Willibord, deen um Helperknapp soll gewierkt hunn, gouf als Haaptpatréiner vun där neier Par erausgesicht.
Commons: Gehaanskapell um Helperknapp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.