![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/12/Bundesarchiv_B_145_Bild-F062164-0004%252C_Bonn%252C_Heinrich_B%25C3%25B6ll.jpg/640px-Bundesarchiv_B_145_Bild-F062164-0004%252C_Bonn%252C_Heinrich_B%25C3%25B6ll.jpg&w=640&q=50)
Heinrich Böll
däitsche Schrëftstller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Heinrich Theodor Böll, gebuer den 21. Dezember 1917 zu Köln a gestuerwen de 16. Juli 1985 zu Kreuzau-Langenbroich, war en däitsche Schrëftsteller.
Heinrich Böll | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
21. Dezember 1917 Köln |
Gestuerwen |
16. Juli 1985 Langenbroich |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Köln |
Aktivitéit | Liddertexter, Dréibuchauteur, Iwwersetzer, Dichter, Romancier, Schrëftsteller |
Member vun | Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Akademie der Künste Berlin, American Academy of Arts and Sciences, American Academy of Arts and Letters |
Famill | |
Bestuet mat | Annemarie Böll |
Kanner | René Böll, Raimund Böll |
![]() |
Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten Auteure vun der Nokrichszäit an der jonker Bundesrepublik. A senge Romaner, Kuerzgeschichten, Lauschterspiller an a senge ville politeschen Essayen huet hie sech kritesch mat der westdäitscher Politik a Gesellschaft auserneegesat.
1951 gouf hie Member vun der Gruppe 47. Zu senge bekanntste Romaner an Erzielunge gehéieren Wo warst du, Adam? (1951), Und sagte kein einziges Wort (1953), Haus ohne Hüter (1954), Billard um halbzehn (1959), Ansichten eines Clowns (1963), Ende einer Dienstfahrt (1966), Gruppenbild mit Dame (1971) an Die verlorene Ehre der Katharina Blum (1974).
Vun 1970 bis 1972 war hie President vum däitschen, vun 1971 bis 1974 och President vum internationale PEN-Club.
Doriwwer eraus war de Böll Iwwersetzer vu literaresche Wierker aus dem Engleschen an d'Däitscht.
Nieft villen aneren Auszeechnunge krut hien 1967 de Georg-Büchner-Präis fir säi Gesamtwierk an 1972 den Nobelpräis fir Literatur.