Lauschterspill
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ee Lauschterspill (Däitsch: Hörspiel) ass een audiophonescht Stéck, dat een am Radio héieren oder vun engem CD ofspille kann. Audiostéck wier vläicht grad sou gutt wéi Lauschterspill fir dës Literaturgattung ze benennen.
Anescht wéi e Lauschterbuch, dat e Buch ass wat virgelies gëtt, ass e Lauschterspill extra fir deen Zweck geschriwwe ginn. Et kann deemno, wéi z. B. Theaterstécker, Regieuweisungen hunn, fir bestëmmt Geräischer, Museken, asw. mat opzehuelen.