Roman
From Wikipedia, the free encyclopedia
E Roman ass – poetologesch a vun haut aus definéiert – eng eepesch Prosagattung, ofzegrenzen an dëser Definitioun vun der Novell an der Kuerzgeschicht als pointéiert Erzielformen, souwéi vum Eepos a Versen, wat déi eeler Gattung a gebonnener Sprooch ass.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Roman als literaresch Gattung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Roman (Homonymie). |
Historesch gesinn ass de Roman - nieft den dräi primären netschrëftleche Gattunge Lyrik (gesongen), Drama (gespillt) an Eepik (rezitéiert) - déi éischt literaresch Gattung, déi schrëftlech an zu der Lecture virgesinn ass. D'Form vum Roman als eng besonnesch "modern" Form vum Erzielen ass méifach entstanen [1], wou d'Kultur vum Liese sech aus dem Geléiertestand an nei aristokratesch a biergerlech Schichten ausgebreet huet, a virun allem en neie weibleche Public erreecht huet.
An historescher Perspektiv loosse sech d'poeteologesch Definitiounskrittären déi haut gëllen, net oprecht erhalen: d'Wuert Roman selwer behaapt mat Recht en Ursprong vun der Gattung am Verseepos a romanescher Sprooch vum 12. Joerhonnert. D'Gattung huet sech am 17. Joerhonnert op der anerer Säit duerch d'Gebitt vun der Novell an der spéiderer Kuerzgeschicht beweegt. Brisanz huet si am 17. an 18. Joerhonnert um Bichermaart duerch d'Muecht gewonnen, op d'mannst am Kader vun der jeeweileger Fiktioun, déi eege Gattungsgrenzen negéieren ze kënnen. Romaner hunn erfollegräich Autobiographien, Biographien, Reesberichter a mam Bréifroman Bréifsammlungen imitéiert. D'Optioun, Raum an der wierklecher Geschicht ze reklaméieren, huet am 19. an 20. Joerhonnert u Bedeitung verluer, wéi d'Literaturdiskussioun sech op eng Debatt vu fiktionale Wierker verengt huet. Romaner erschéngen haut als Folleg dovu meeschtens mam Wuert "Roman" am Ënnertitel; d'Kennzeechnung "Fiction" um Bicherdeckel ass dat equivalent Signal am Engleschen an um internationale Bichermaart.