![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/8e/Guanaco_09.24.jpg/640px-Guanaco_09.24.jpg&w=640&q=50)
Guanako
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Guanako (Lama guanicoe) ass e Mamendéier aus der Famill vun de Kaméiler (Camelidae). E lieft virun allem am westlechen a südleche Südamerika, an den Anden an an der Pampa, an ass d'Stammform vum zame Lama.
Guanako | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() E Guanako | |||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Lama guanicoe Statius Müller, 1776 |
Guanakoe si vu Kapp bis den Hënner 120 bis 220 Zentimeter laang, hunn eng Schëllerhéicht vun 120 Zentimeter a weien eng 100 bis 120 Kilogramm. Hire Pelz ass wolleg an dicht; hir Faarf ass hellbrong uewendrop an ënnendrënner wäiss, d'Gesiicht dacks schwaarz.
Wéi all Kaméiler hu si relativ laanggestreckt, gourech Been, e laangen, dënnen Hals an e klenge Kapp. D'Féiss hunn zwou Zéiwen, déi, amplaz vun Houf, Polsteren hunn. De Mo besteet aus méi Kummeren, wat bei der Verdauung vu planzlechem Kascht hëlleft.
Guanakoe liewen a Familljenträpp vun enger gudder Dosen Déieren, déi vun engem Männche geleet ginn, a soss aus e puer Weibercher an hire Jonge bestinn.