D'Mamendéieren (Mammalia) sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata). Op Däitsch gi se Säugetiere an op Franséisch mammifères genannt.

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Méi Informatiounen Systematik, Wëssenschaftlechen Numm ...
Mamendéieren
Verschidde Mamendéieren

Verschidde Mamendéieren
Verschidde Mamendéieren
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Iwwerklass: Kifermünder
Wëssenschaftlechen Numm
Mammalia
Linné, 1758
Ënnerklassen

Urmamendéieren
Theria

Zoumaachen

D'Mamendéieren hunn dat gréisst Déier, de Blowal, an dat geféierlechst Déier, de Mënsch, déi jeemools op der Äerd gelieft hunn, ervirbruecht. Mat Hëllef vu senger Intelligenz huet de Mënsch et fäerdeg bruecht de Planéit fir seng Zwecker ëmzekrämpelen an d'Ausstierwe vun aneren Déierenaarten ausgeléist, déi der Katastroph vu viru 65 Millioune Joer, um Enn vun der Dinosaurierära, gläicht.

D'Mamendéiere sinn net déi aarteräichst Grupp ënner de Wierbeldéieren, mä si dominéieren d'Äerd awer duerch hir Gréisst an duerch aner kierperlech Kennzeechen, déi se vun all deenen anere Liewewiesen däitlech ënnerscheeden.

Anatomie

Et gëtt grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst a beim Kierperbau vun all Mamendéier. Déi meescht vun hinnen hunn Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All déi Kennzeeche feele bei all deenen anere Klasse vun Déieren.

Si leeën, bis op e puer Ausnamen, keng Eeër, mä si bréngen hir Jonk lieweg op d'Welt an niere se mat enger Flëssegkeet, der Mëllech, déi aus aus de Mëllechdrüse kënnt.

D'Mamendéiere si gläichwaarm, d. h. hir Kierpertemperatur bleift op bal konstantem Niveau, meeschtens wäit iwwer der Temperatur vun hirer Ëmwelt. (Aner gläichwaarm Déiere sinn nëmmen nach d'Vigel). Hire Stoffwiessel ass zimmlech héich a relativ gläichméisseg.

Fortbeweegung

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ofstamung

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Systematik

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Mamendéieren.

  • Urmamendéieren (Protheria)
  • Theria
    • Beidelmamendéieren (Methateria)
      • Iwweruerdnung Australidelphia
      • Iwweruerdnung Ameridelphia
    • Placentalia (Eutheria)
      • Iwweruerdnung Niewegelenkdéieren (Xenarthra)
      • Iwweruerdnung Laurasiatheria
      • Iwweruerdnung Afrotheria
      • Iwweruerdnung Euarchontoglires

Um Spaweck

Commons: Mamendéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wikiwand in your browser!

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.

Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.