Grenada
Inselstaat an der Karibik / From Wikipedia, the free encyclopedia
Grenada, op Englesch offiziell State of Grenada, ass en Inselstaat a Mëttelamerika.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Inselstaat an der Karibik. Fir aner Definitioune mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Granada (Homonymie). |
Grenada | |
---|---|
Saint George's | |
Geographie | |
Kontinent | Nord- a Mëttelamerika |
Land | Grenada |
Läit an/am | Karibescht Mier |
Gehéiert zu | Kleng Antillen, Inselen iwwer dem Wand, Karibik |
Koordinaten | 12°7'0,01"N, 61°40'0,01"W |
Fläch | 348,5 km² |
Verwaltung | |
Haaptuert | St. George’s |
Demographie | |
Awunner | 114.299 |
Awunnerdatum | 2023 |
Liewenserwaardung | 73,659 Joer |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 1498 (julianesch) |
Genannt no | Granada |
Zäitzon | UTC−4 |
Nationalhymn | God Save the King |
Internet TLD | .gd |
Internat. Telefonsprefix | +1473 |
Lag vu Grenada an der Karibik | |
D'Insel gehéiert zu den Inselen iwwer dem Wand a läit tëscht der Karibik an dem Atlanteschen Ozean, ronn 200 km nërdlech vun der Küst vu Venezuela a südlech vu Saint Vincent an d'Grenadinnen.
Grenada ass Member vum Commonwealth of Nations.
De Staat besteet aus verschiddenen Insele vum Archipel vun de Grenadinnen, engem Deelarchipel vun de Klengen Antillen, vun deenen d'Insel Grenada selwer déi gréisst ass. Méi kleng Insele Si Carriacou, Petite Martinique, Ronde Island, Caille Island, Diamond Island, Large Island, Saline Island, Les Tantes a Frigate Island. Déi Inselen, déi méi nërdlech leien, gehéieren zum Nopeschstaat Saint Vincent an d'Grenadinnen. De gréissten Deel vun der Bevëlkerung lieft op der Haaptinsel Grenada, op där och d'Haaptstad Saint George's, läit.