From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Grande Peur (Grouss Angscht) war eng populär Beweegung a Frankräich um Ufank vun der Franséischer Revolutioun, vum 20. Juli bis 6. August 1789. Bei der Landbevëlkerung goufe sech Rumeuren erzielt, datt den Adel Brigangen ugestallt hätt, fir géint d'Bauere virzegoen, an hir Dierfer a Felder ze zerstéieren. Als Äntwert dorop hunn d'Baueren hir Mëschtgafele gepak, a si géint hir adeleg Häre gezunn, hu Schlässer geplëmmt, an Dokumenter mat de feudale Rechter verbrannt.
D'Grande Peur ass an der Provënz zustan komm, aus enger Mëschung tëscht Rumeure vun engem aristokratesche Komplott an den Neiegkeeten, déi vu Paräis komm sinn, wou et drënner an driwwer gaangen ass (Stuerm op d'Bastille, Ballhauseed...). Sou gouf sech ënner der Landbevëlkerung erzielt, datt d'Adeleger Brigangen agestallt hätten, fir sech am Land ronderëm ze dreiwen, an d'Kar, wat nach gréng war, ofzeschneiden, soudatt näischt méi fir d'Baueren iwwereg wie. Dëst ass d'Iddi vum Aristrokratesche Komplott. Ausserdeem gouf gegleeft, datt d'adeleg Proprietären d'Kar géifen huelen, fir et zu engem Héchstpräis ze verkafen. D'Angscht virun dëse Brigangen huet sech séier verbreet, an et koum zu simultane Revolten: an der Franche-Comté ass d'Panik ausgebrach, wéi et zu enger Polferexplosioun am Schlass vu Quincey bei Vesoul komm ass; an der Champagne gouf de Stëbs, deen d'Schof op der Strooss hannerlooss hunn, fir dee vun Zaldote gehalen; am Beauvaisis (Maine) ; an der Regioun vun Nantes a vu Ruffec goufe souguer Patere fir Banditte gehalen.
Iwwerall a Frankräich koum et zu Opstänn, Attentater, a Bränn: zu Marseille, zu Lyon, zu Grenobel, zu Stroossbuerg, zu Rennes, zu Saint-Malo, zu Le Havre, zu Dijon, mä och an de klengen Dierfer um Land, wéi zum Beispill am Mâconnais, wou d'Proprietéite vun de Grondhäre vun de Baueren zerstéiert goufen. D'Landbevëlkerung huet sech Waffe gesicht, a Milize gegrënnt, fir sech besser géint d'Brigange wieren ze kënnen, mä och fir Schlässer an Abteien z'iwwerfalen, wou si d'Kar geklaut an d'Archiver verbrannt hunn. Zu Ruffec huet sech d'"Angscht" zum Beispill séier verbreet: lass goung et den 28. Juli 1789 a vu Ruffec aus weider an den Norden op Civray a Châtellerault, am Westen op Saintes, am Osten op Confolens a Montluçon, an am Süde Richtung Angoulême, Limoges, Cahors, Brive (30. Juli), Montauban (31. Juli), Toulouse a Rodez (1. August), Lombez (2. August), Pamiers, Saint-Girons, Saint-Gaudens (3. August), Foix an Tarbes (5. August). Verschidde Regioune sinn awer och komplett verschount bliwwen: d'Bretagne, den Elsass an de Languedoc.
An der Aquitaine, déi den Honnertjärege Krich matgemaach hat, krut d'Angscht den Numm Peur des Anglais.
E Curé vu Prayssas huet iwwer d'Grande Peur geschriwwen:
D'Baueren, nodeem si bis hir Waffen haten, hunn allerdéngs keng Brigange fonnt. Si si weider bei d'Schlässer gezunn, an hunn no den ale Charte gefuerdert, wou d'feudal Rechter opgeschriwwe waren, fir dës ze verbrennen. Si haten an hire Cahiers de doléances d'Ofschafung vun dëse Rechter gefrot. Si sinn deelweis souguer sou wäit gaangen, al Härenhaiser a Brand ze stiechen. De Curé vu Bissy-la-Mâconnaise war Zeie wéi d'Schlass vu Lugny a Flamen opgaangen ass:
D'Opstänneg hu sech selwer an den Adlegen Angscht gemaach. De Georges Lefebvre beschreift fënnef Richtungen a sengem Wierk La Grande peur de 1789. Dës verschidde Couranten hu sech net wierklech ofgeschwat, si waren duerch gemeinsam Ziler animéiert. Duerch d'Grande Peur koum et zu enger bewaffenter antifeudaler Revolt. D'Schlässer goufe verbrannt fir der Assemblée hire Wonsch kloer ze maachen: d'Ofschafe vun der Feudalitéit. Fir déi Revolt op en Enn ze bréngen, huet d'Assemblée an der Nuecht vum 4. August d'Ofschafe vun de Privileegien dekretéiert.
Laut der Mary Matossian soll och de Mammekär, deen dacks am Miel zu där Zäit ze fanne war, an dee gär Halluzinatiounen ervirrifft, eng Roll an der Grande Peur gespillt hunn[1].
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.