![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/4/4a/Maison_gothique_Echternach_2015-12.jpg/640px-Maison_gothique_Echternach_2015-12.jpg&w=640&q=50)
Gotescht Haus Iechternach
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dat sougenannt Gotescht Haus zu Iechternach ass e Gebai, deem seng Originnen an d'14. Joerhonnert zeréckginn.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
![]() | |
Land |
![]() |
---|---|
Gemeng | Iechternach |
Plaz | Iechternach |
Adress | rue Duchscher |
Koordinaten |
49° 48’ 45’’ N 06° 25’ 04’’ O |
Baustil | Gotik |
Statut | Klasséiert Monument (INPA) |
Datum vum Bau | 14. Joerhonnert |
![]() |
Zoumaachen
Dendochronologesch Analyse vun de Plaffongsdunne beleeën, datt se vu Beem sinn, déi ëm 1299 gehae goufen. Opfälleg sinn d'gotesch Fënstere mat Dräipass am Giewel, déi typesch fir hir Zäit sinn.
1996 war d'Haus deelweis an e Koup gefall, ma et gouf restauréiert, woubäi de Giewel sou gelooss gouf, sou datt Deeler, déi eng Kéier ewechgemaach goufen, net nees nei nogebaut goufen.
D'Haus gëtt als Vakanzewunneng verlount.
Den 2. Mäerz 2018 gouf d'Gotescht Haus als nationaalt Monument klasséiert.[1]