![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/92/La_Gileppe_15-04-2007_17-11-26.jpg/640px-La_Gileppe_15-04-2007_17-11-26.jpg&w=640&q=50)
Gileppetalspär
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gileppetalspär ass e Staudamm um Bord vum Héije Venn an de belsche Gemenge Jalhay a Baelen an der Provënz Léck. D'Staumauer ass eng Gewiichtsstaumauer an et ass déi eelst vun deem Typ an Europa. De Séi huet eng Fläch vu ronn 130 ha, an e Faassungsverméige vu 26,4 Millioune m³. D'Waasser aus dem Séi gëtt fir Drénkwaasser benotzt, an all Dag gi 75.000 m³ an d'Leitunge gepompelt. Dat kënnt an de Leitungssystem iwwer zwéi Waasserschächt déi ronn 76 Meter héich sinn. All Schacht huet 4 Waasserlächer déi op verschidden Niveaue verdeelt sinn.
![]() | |
Land | Belsch |
---|---|
Plaz | Jalhay / Baelen |
Zoulaf |
Gileppe mat hiren Niewebaachen: R. de Lientrée Gelonru oder R. de la Roche Picot Noir Ru R. du Trou Malbrouk Louba |
Koordinaten |
50° 35’ 20’’ N 05° 58’ 27’’ O |
Datum vum Bau |
Februar 1867 bis 1. November 1875 |
A Betrib geholl | 9. Mee 1875 |
Zweck |
Héichwaasserregléierung Drénkwaasserproduktioun |
Typ | Gewiichtstaumauer |
Héicht (iwwer Thalweg) | 68,00 m |
Héicht (iwwer Waasserniveau) | 5,00 m |
Längt | 365,00 m |
Breet op der Kroun | 19,00 m |
Breet op der Basis | 235,00 m |
Baseng | |
Héicht | 302,00 m |
Fläch | 130 ha |
Waasservolumen | 26,4 Mio m³ |
De Séi gëtt vun der Gileppe an hiren Nieweflëss Louba, Noir Ru, Gelonru a Ruisseau du Trou Malbrouk gefiddert, an nach vun enger hallwer Dose Baachen ouni Numm. Fir ze garantéieren datt ëmmer genuch Waasser zur Verfügung steet, kritt d'Baach Soor eng Parti vun hirem Waasser ofgeknäppt, an dat gëtt duerch en 2,5 km laangen Tunnel mat engem Duerchmiesser vun 2,30 m an de Séi geleet.
De Staudamm gouf tëscht 1867 an 1878 gebaut, an tëscht 1967 an 1971 ëm 16,24 Meter gehéicht.
Op der Kroun sëtzt e grousse stengene Léiw deen aus Lëtzebuerger Sandsteen aus dem Sauerdall sculptéiert ass. De Sculpteur war de Félix Bourré.
De Léiw weit 300 Tonnen, ass 13,5 Meter héich, an de Sockel huet eng Längt vu 16 Meter. E besteet aus 183 Bléck déi 1967 bei der Iwwerhéijung auserneegeholl goufen, an dunn erëm op der neier Kroun opgeriicht goufen.