From Wikipedia, the free encyclopedia
En Tunnel ass e kënschtleche Passage deen duerch e Bierg, ënner engem Waasserlaf oder soss engem Hënnernes, erduerch féiert.
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Et kann e Verkéierswee si fir Zich, Autoen, Schëffer oder Foussgänger. En Tunnel kann och ugeluecht gi fir d'Kanalisatiounen oder aner Leitungen.
Bei Verkéiersweeër kënnen Tunnellen eespuereg oder méispuereg sinn. De Bau vun Tunnellen ass relativ deier an et gëtt dobäi och grouss Ufuerderungen un d'Wësse vun den Ingenieure gestallt.
Tunnellen an de Bierger ginn am Prinzip am traditionellen Tunnelverfahre gebaut a meeschtens gëtt op den zwou Säite gläichzäiteg ugefaange mat gruewen. Am flaache Land oder do wou et aus landschaftlechen Aspekter wichteg ass, datt en Tunnel gebaut gëtt amplaz eng grouss oppen Tranchée ze hunn, ginn Tunnelen dacks an oppener Bauweis gebaut, dat heescht de Buedem an d'Gestengs ginn all ewechgeraumt, da gëtt en Tunnel, meeschtens am arméiertem Bëtong gebaut, an duerno gëtt en erëm zougedeckt. Bei kuerze Längte schwätzt een dann och vun enger Ënnerféierung.
D'Wuert Tunnel ass an England entstanen a kënnt vum franséische Wuert tonelle. Duerno huet et de Wee erëm iwwer den Äermelkanal als tunnel op de Kontinent zeréckfonnt.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Et sinn dëst déi längst Tunnelle vun der Äerd, déi aktuell fir de Verkéier zougänglech sinn:
Commons: Tunnelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.