Gerhard Mercator
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gerhard de Kremer, besser bekannt ënner dem laténgiséierten Numm Gerhard Mercator, gebuer de 5. Mäerz 1512 zu Rupelmonde an der Grofschaft Flandern a gestuerwen den 2. Dezember 1594 zu Duisburg, war e Geograph a Kartograph aus de Spueneschen Nidderlanden. Schonn zu Liefzäite gouf hien als de Ptolemäus vu senger Zäit ugesinn. Hie war bis an déi arabesch-islamesch Welt bekannt.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Gerhard Mercator | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gerard De Kremer |
Gebuer |
5. Mäerz 1512 jul. Rupelmonde |
Gestuerwen |
2. Dezember 1594 Duisburg |
Nationalitéit | Habsburgesch Nidderlanden |
Educatioun | Al Universitéit vu Léiwen |
Aktivitéit | Mathematiker, Geograph, Philosoph, Theolog, Kartograph, Erfinder, Universitéitsprofesser, Instrumentebauer, Schrëftsteller |
Zoumaachen
Wann hien haut haaptsächlech als Kartograph a Globefabrikant bekannt ass, sou war de Mercator am 16. Joerhonnert och als Kosmograph, Theolog a Philosoph vu grousser Bedeitung an hien huet Moossstief als Schrëftkënschtler gesat.