Lëtzebuerg gehéiert geologesch gesinn zu zwéi verschiddenen Ensembelen:
- d'Guttland ass en Deel vum Baseng vu Paräis (engem grousse Sedimentbaseng). Sou kënnt et datt et am Guttland just sedimentäert Gestengs gëtt.
- d'Éislek gehéiert zum Sockel vum Baseng vu Paräis a besteet aus metamorphem Gestengs.
Dëse Geologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Gestengs vu Lëtzebuerg staamt also aus veschiddenen äerdgeschichtleche Perioden an zwar dem Devon, dem Trias an dem Jura.
D'Gestengs aus dem Éislek staamt aus dem ënneschten Devon (Stuf Pragium, fréier Siegenium genannt, an Emsium). Et handelt sech ëm Schifer a Quarziter. An der Sträif bannent dem Pommerlach, Housen, Maarnech, Donkels steet méi jongt Gestengs un wéi am Rescht vum Éislek, well do de Synklinorium vu Wolz ass.
Tëscht dem Devon an dem Trias ass eng Diskordanz, well déi an der Stratigraphie net hannerenee kommen.
- Ënneschten Trias (fréier: Buntsandsteen): Buntsandsteen an der Géigend ëm Ettelbréck a Feelen.
- Mëttelsten Trias (fréier: Muschelkallek): Muschelkallek an der Muselgéigend.
- Ieweschten Trias (fréier: Keuper): Leem a Mergel am Uelzechtdall vu Walfer un, der Atert, der Sir an den Dräieck Iechternach, Schengen, Conter.
- Ënneschte Jura oder Lias mat de Stufen:
- Hettangium
- dovun den ieweschten Hettangium oder Lëtzebuerger Sandsteen ëm d'Stad, ëm d'Äisch an d'Mamer an am Mëllerdall
- Sinemurium
- Plinsbachium
- Toarcium: "Uelegschifer" am Käerjenger a Stroossener Raum a Minettsgéigend
- Hettangium
- Mëttlere Jura (fréier Dogger) mat de Stufen:
- Aalenium: Minett
- Bajocium: Kalleker a Mergelen op der Minett
Storoni, A., 2010. Les paysages géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.