lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
Rëmeleng ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen an zanter 1907 eng vun den 12 Lëtzebuerger Stied. Et ass déi eenzeg Uertschaft an deemno och Chef-lieu vun der Gemeng.
Gemeng Rëmeleng | |
---|---|
De Kulturzenter André Zirves an der Groussstrooss | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Rumelange de: Rümelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Esch-Uelzecht |
Chef-lieu | Rëmeleng |
Buergermeeschter | Henri Haine (LSAP) |
Awunner | 5.775 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 683 ha |
Héicht | 339 m |
Koordinaten |
49° 27’ 35’’ N 06° 01’ 50’’ O |
LAU-Code | LU0212 |
Websäit | https://rumelange.lu/ |
Rëmeleng gëtt och d'Stad vum Roude Buedem genannt.
Rëmeleng ass déi eenzeg Uertschaft an der Gemeng, vun där si och den Numm huet.
D'Gemeng läit am Dall vun der Keelbaach. Mat enger Fläch vu 684 ha ass se an där Hisiicht eng vun de klengste Gemengen am Land.
Tëscht Huldang a Rëmeleng gëtt et mat 82 km déi gréisst Nord-Süd-Längt vum Lëtzebuerger Land.
An der Rëmelenger Gemeng läit dee südlechste Punkt vum Land op 49°26'52".
Rëmeleng huet bis 1891 zu der Gemeng Keel gehéiert. Duerch d'Gesetz vum 27. Juni 1891[1] gouf et vu Keel ofgetrennt an ass domat zanter dem 1. Oktober 1891[2] eng onofhängeg Gemeng[3]. Zu der neier Gemeng huet nieft der Uertschaft Rëmeleng och de Weiler Uewertéiteng (Haut-Tétange) gehéiert[1]. Den éischte Buergermeeschter war den Industriellen Jean-Pierre Nau, dee seng Nominatioun de 24. Oktober 1891 krut[3],[4].
Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel Stad[5].
Quell:STATEC
Beschreiwung am Originaltext: d'argent au mineur ayant une lampe et un pioche de mineur, au naturel |
De Gemengerot vu Rëmeleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zanter 2023 huet d'LSAP d'absolut Majoritéit am Schäfferot. Dat war och virdrun de Fall, ausser vun 2017 bis 2023, wou s'eng Koalitioun mat der KPL hat.
Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen
Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
D'Gemeng Rëmeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Commons: Rumelange – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.