lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Gemeng Dippech ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Schuller.
Gemeng Dippech | |
---|---|
d'Gemengenhaus zu Schuller | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Dippach de: Dippach |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Kanton Capellen |
Chef-lieu | Schuller |
Buergermeeschter | Manon Bei-Roller (LSAP) |
Awunner | 4.593 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 1.742 ha |
Héicht | 368 m |
Koordinaten |
49° 35’ 16’’ N 05° 58’ 47’’ O |
LAU-Code | LU0101 |
Websäit | https://www.dippach.lu/ |
D'Gemeng Dippech läit am Kanton Capellen tëscht de Gemenge Garnech a Mamer am Norden, Bartreng am Osten, Reckeng op der Mess a Suessem am Süden, a Käerjeng am Westen.
Eng Partie vun der Gemeng läit op engem grousse Plateau, deen deelweis d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- an dem Meusebaseng mécht, mat dem héchste Punkt an den Ierwenhecken am Nordweste vun der Gemeng op 378 Meter.
Vun der Gemengefläch sinn 303 ha Bëscher, an 28 ha Akerland oder Wise sinn am Besëtz vun der Gemeng.
Zu der Gemeng gehéiert och den Uertsdeel Dippecher Gare.
D'Dierfer Dippech, Betteng, Schuller a Sprénkeng goufen am Mëttelalter fir d'éischt ernimmt.[1]
1795 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden, zu deenen deemools och Lëtzebuerg gehéiert huet, vu franséische Revolutiounstruppen eruewert. Lëtzebuerg an déi aner Territoirë goufe vun der neier franséischer Republik annexéiert, an déi véier Dierfer sinn an der Gemeng Dippech regruppéiert ginn.[1]
Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Gemeng net zerstéiert ginn. Den 9. September 1944 hunn amerikanesch Truppen d'Gemeng vum däitsche Besatzer befreit, een Dag virun der Stad Lëtzebuerg.[1]
Dippech ass zanter 1973 mat Landiras aus dem franséischen Departement Gironde jumeléiert.
Beschreiwung am Originaltext: De gueules au griffon d'or, à la bordure de sable chargée de huit socs de charrue d'or. |
Quell:STATEC
Am Joer 11 vum Republikanesche Kalenner (1802-1803) hat d'Gemeng 705 Awunner, dorënner 169 zu Betteng (24% vun der Gemengebevëlkerung), 262 zu Dippech (37%), 86 zu Sprénkeng (12%) an 188 zu Schuller (27%).[1]
2015 hu 4.122 Leit an der Gemeng gewunnt, dorënner 1.172 zu Betteng (28%), 993 zu Dippech (24%), 528 zu Sprénkeng (13%) an 1.429 zu Schuller (35%).
De Gemengerot vun Dippech gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
LB: D'Lëscht vun de Bierger. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
D'Gemeng Dippech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
An der Gemeng Dippech sinn eng Rei Veräiner aktiv, dorënner verschidde Chorallen a Museksveräiner, d'Dippecher Dachsen (Guiden a Scouten), de Kabarä PEPpERONI, de Land Rover Club Lëtzebuerg an d'Hëllefsorganisatioun Dippech hëlleft.[5]
Am Sportberäich gëtt et den Tennis Club Dippech, d'Union Cycliste Dippach, de Bettener Reitclub an den FC Étoile Sportive Schouweiler.[5]
Commons: Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.